Am nationale Basketchampionnat bei den Hären koum et e Freideg den Owend zu spektakulären Zeenen, déi een am Basket nëmme ganz rar gesäit...

D'Biller vun dëse spektakuläre Biller kommen iwwregens vu Live Arena.

D'Sparta vu Bartreng huet e Freideg den Owend géint den T71 Diddeleng gewonnen. Dat awer net egal wéi, mä an allerleschter Sekonn, dat beim Enn-Score vun 91 zu 90.

Den US-Amerikaner Lavone Holland hat spektakulär vun der Mëtt aus fir seng Faarwen getraff. Am Video erkennt ee gutt, wéi iwwerraschend dëse sou wichtege leschte Punkt fir jiddweree komm ass.

Och d'Dammen haten zu Bartreng gespillt. D'Sparta huet d'Amicale vu Steesel mat 85 op 74 geklappt.

De ganze Weekend iwwer kann een dann och an der Live Arena an op RTL.lu den nationale Basketchampionnat suivéieren.