Conter feiert wichteg Victoire géint de Basket Esch

© Shari Schenten / RTL
Duerch de 74:67-Succès huet Conter et elo selwer an der Hand, fir sech eng Plaz am Playoff ze sécheren.
E Mëttwoch den Owend waren am nationale Basketchampionnat zwee Nodrosmatcher bei den Hären.
Fir de Kont vum 15. Spilldag huet sech Conter ganz wichteg Punkte géint de Basket Esch geséchert. Duerch d'74:67-Victoire huet een e grousse Schratt a Richtung Playoff gemaach an et huet een et elo selwer an der Hand, ob een et um Enn ënnert déi 8 éischt Ekippen an der Tabell packt oder net.
Conter huet e Mëttwoch den Owend nëmme mat engem Amerikaner gespillt. Op Säite vun Esch hunn de Joé an de Pit Biever gefeelt. Béid Ekippen hu sech een enke Match geliwwert an esou stoung et an der Paus 30:34 aus Siicht vun der Lokalekipp. Eng Minutt viru Schluss stoung et 67:67 gläich. De Charel Moes huet du mat zwee Kierf fir den Ofstand gesuergt, sou datt et um Enn eng 74:67-Victoire fir Conter gouf.
Beschte Scorer op Säite vu Conter war de Charel Moes mat 27 Punkten.
Och déi zweet Partie vum Owend, een Nodrosmatch vum 17. Spilldag, war bis zum Schluss spannend. D'Sparta war um Enn een Tick besser an huet sech mat just engem professionelle Spiller mat 90:88 géint den Telstar duerchgesat. No 10 Minutte louchen déi Bartrenger mat 30:14 a Féierung. Ma Hesper huet sech zeréckgekämpft an ass mat enger Avance vu 6 Punkten an dee leschte Véierel gaangen. An de leschten 2 Minutten ass d'Sparta dunn nees erukomm an de Verbeelen huet deen decisive Kuerf markéiert.