Lëtzebuerger Basketnationalekipp géint Albanien op Revanche aus
Nächst Woch spillt Basketnationalekipp hiren 3. Lännermatch an der Prequalifikatioun fir d’Europameschterschaft 2025.
An der Coque steet dann de Retourmatch géint Albanien um Programm. De Ken Diederich ass zanter enger Woch am Gaangen, d’Ekipp op dëse Match ze preparéieren, mee op ee wichtege Spiller muss den Nationaltrainer awer verzichten.
An dat ass de Spiller vun Gladitors Tréier, den Thomas Grün, dee fir de Match géint Albanien den Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp verletzungsbedéngt net kann undoen.
Zwou knapp Defaitë goufen et bis ewell an dëser Campagne. D'Ekipp vum Ken Diederich huet an deenen zwee Matcher, déi bis ewell gespillt goufen, op 3 Punkte verluer.
Fir de Match géint Albanien ka sech d'Nationalekipp an der Coque dann awer nees op de Support vun den eegene Spectateure freeën.
Och de Clancy Rugg muss a Form sinn, wann et mat engem Succès klappe soll, deen an Albanien fir 25 Punkte responsabel war.
Ob d'Ekipp dann den éischte Succès vun dëser Campagne feiere kann, gesi mir den nächste Weekend.