Lëtzebuerg prett fir Prequalifikatiounsmatch géint Albanien
E Sonndeg spillt d’Basketnationalekipp hiren drëtte Lännermatch an der Prequalifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2025.
De Ken Diederich a seng Ekipp si prett fir de Retourmatch an der Coque géint Albanien ze spillen. Den Allersmatch hat FLBB-Selektioun mat knapp 3 Punkte verluer. D’Preparatioun, déi 2 Wochen gedauert huet, ass gutt verlaf a bis op den Thomas Grün muss den Nationaltrainer op kee Spiller verzichten.
Den Spiller vun den Gladiators vun Tréier wäert der Nationalekipp sécher feelen, mä de Kader ass an der Breed gutt opgestallt, fir dësen Ausfall ze kompenséieren, seet de Ken Diederich. "Mir sinn fit, mir sinn agespillt a hunn Ambitiounen, de Match e Sonnden ze gewannen."
Gewonnen huet d’Ekipp vum Ken Diederich och den Testmatch géint Den Helder Suns. FLBB-Selektioun konnt sech an dëser Partie mat 88 op 55 géint d’Profiekipp aus dem hollänneschen Championnat behaapten. "Fir eis war dat e gudden Test. Mir hu 40 Minutten eng gutt Defense gespillt. Dowéinst hu Si och nëmme 55 Punkte geschoss. Et ass jo awer eng Ekipp, déi 12 Profien huet a mir hu se auserneegeholl, well mir hu mat 35 Punkte gewonnen. Et war e wichtege Match en vue vun der Partie e Sonndeg géint Albanien."
Um Training, e puer Deeg virun der Retourmatch géint Albanien, goufe virun allem Schëss vun der Dräierlinn trainéiert, well Reussite an deene leschte Prequalifikatiounsmatcher net héich war. "Kollektiv si mir ganz staark, mä mir mussen méi Reussite hu vun der 3er Linn. Géint Rumänien hu mir nëmmen 4 vun 23 Wërf getraff, dann ass dat sécherlech de Schlëssel vum Match."
Ob alle Fall huet de Match géint Den Helder Suns Confiance ginn. "Dat war Iddi. Mir kënne schéissen a géint Albanien ass et och wichteg, déi Schëss ze huelen an dann och ze markéieren."
Ziele kann d'Nationalekipp och op d’Support vun den Tribünen. 1.600 Tickete kënne fir de Match e Sonndeg an der Coque verkaf ginn. Falls Dir kee Ticket méi sollt kréinen, kënnt Dir de Match och bei eis mat Lëtzebuerger Commentaire.