Hären: Steesel steet an der Finall, Diddeleng an Esch mussen 3. Match spillen

© AFP (Archiv)
Bei den Damme konnten dogéint Diddeleng an Walfer déi jeeweils 1 Halleffinall vum "Best-of-3" fir sech decidéieren.
Hären
Esch a Steesel sinn an déi zweet vu méiglechen dräi Halleffinalle mat enger Victoire am Gepäck ugetrueden. Sollte si och d'Retourmatcher fir sech entscheeden, géife si sécher an der Finall stoen.
An d'Amicale konnt sech mat hirer zweeter Victoire an zwee Matcher géint Etzella dann och den éischten Ticket fir d'Finall sécheren. An engem knappe Match, wou et ëmmer nees hin an hier goung, hu si sech zum Schluss 77:71 behaapt. Dobäi haten déi Ettelbrécker gutt virgeluecht a waren nom éischte Véierel 27:15 vir, ma mat engem 31:15 dono huet d'Amicale de Match nach virun der Paus gedréint an am drëtte Véierel den Ecart gemaach, mat engem 19:11. Den 18:12 fir d'Etzella am leschte Véierel sollt net méi duergoen, fir dës Partie nach fir sech z'entscheeden an den drëtten en decisive Match ze forcéieren.
Dat dogéint hunn awer déi Diddelenger géint Esch fäerdegbruecht. Nodeem si de Match zu Esch verluer hunn, konnt Diddeleng de Retour doheem mat 89-73 gewannen. Dobäi huet déi ganz éischt Hallschent den Escher gehéiert, déi sech en 18 Punkten Avantage (26:13, 17:12) erausspille konnten. Ma am drëtte Véierel huet bei Diddeleng alles geklappt. Si konnten dës mat 31:11 gewannen an hunn esou aus engem -18 e +2 gemaach. Mat deem Réckewand hu si och de leschte Quarter mat 33:19 dominéiert an esou dierfe si nach weider vun der Finall dreemen.
Resultater Hären
Playdown
Am Playdown konnt sech Contern mat 81:63 géint Hesper duerchsetzen. D'Heemekipp hat de Match an quasi all Véierel, ausser am zweeten, am Grëff. Den Telstar spillt no dëser Néierlag esou déi nächst Saison sécher an der National 2.
Playdown Hären
Dammen
Bei den Damme war et fir déi véier Ekippen den éischte vum méiglechen 3 Spilldeeg an den Halleffinallen.
Diddeleng konnt sech dobäi knapp mat 74:68 géint Contern duerchsetzen. Grad an den éischten zwee Véierel (13:9 an 23:13) konnten déi Diddelenger sech en Avantage erausspillen. Keen hat d'Iwwerhand am drëtte Véierel, deen mat 25:25 och dee war, wou déi meeschte Punkte gefall sinn. No hannen eraus konnt Contern am leschte Quarter nach eng Kéier ophuelen (21:13) wat awer zum Schluss net duergoe sollt.
Méi kloer war d'Victoire vun der Résidence Walfer géint d'Amicale vu Steesel, dat mat 91:76. Schonn am éischte Véierel (26:19) gouf e klengen Ecart vun der Heemekipp gemaach an d'Gäscht konnte just den zweete Véierel knapp mat 12:10 fir sech entscheeden. No der Paus war awer d'Résidence méi dominant (30:24 an 25:21) a gewënnt esou déi éischt Halleffinall ouni eng Kéier richteg a Gefor komm ze sinn.
D'Retourmatcher sinn den 23. Abrëll.