T71 Diddeleng - Steesel heescht d'Finall bei den Hären
An enger spannender drëtter Partie huet sech den T71 Diddeleng zu Esch duerchgesat a konnt an d'Finall anzéien.
Bei der 105:101-Victoire (22:19, 25:20, 20:30, 21:19, 17:13) fir den T71 beim Basket Esch hu missen zwou Verlängerunge gespillt ginn, éier de Gewënner vun der Partie feststoung.
An der éischter Hallschent waren d'Gäscht aus der Forge du Sud déi dominant Ekipp. Den éischte Quarter hunn déi Diddelenger nach knapp mat 22:19 fir sech entscheet. Och am 2. Véierel ass et weider gutt gelaf a sou konnt d'Ekipp vum Tom Schumacher bis zur Paus op 47:39 erhéijen. Nom Säitewiessel ass de Basket Esch erwächt, huet ënnert dem Impuls vum Clancy Mac Rugg den drëtte Véierel mat 30:20 gewonnen a war beim 69:67 zwee Punkten am Avantage.
Am leschte Véierel waren et déi Diddelenger déi bis knapp 5 Minutte viru Schluss d'Nues fir haten. Et ass hin an hier gaangen an 31 Sekonne viru Schluss stoung et 88:88 gläich. Mat dem Score sollt et och an déi 1. Overtime goen. Och do sollt et weiderhi beim Remis bleiwen. An der 2. Verlängerung haten déi Diddelenger e méi laangen Otem a si no enger serréierter Partie an d'Finall vum Basket-Championnat agezunn.
De Géigner vun der Ekipp vum Tom Schumacher an der Finall heescht Amicale Steesel. D'Finall gëtt am Best-of-Five-Modus gespillt.