An der 1. Finall setzt sech den T71 bei den Hären an den Dammen duerch

© Jeff Kettenmeyer
Um Samschdeg stounge bei den Dammen an de Hären déi éischt Finalle vum Championnat um Programm.
Bei den Damme konnt sech de klore Favorit T71 Diddeleng mat 70:63 (15:11, 22:17, 18:16, 15:19) géint d'Résidence duerchsetzen.
Den éischte Véierel war equilibréiert a keng vu béiden Ekippe konnt sech ofsetzen. D'Heemekipp huet sech awer beim 15:11 eng kleng Avance erausgespillt. Am zweete Véierel ass Diddeleng weider drubliwwen an huet de Virsprong bis zur Paus op 9 Punkten ausgebaut (37:28). Walfer huet sech an de Kabinnen nach emol gesammelt a konnt an der zweeter Hallschent gutt dogéint halen. Den drëtte Véierel huet d'Heemekipp zwar nach knapp fir sech entscheet. De leschte Quarter ass awer un d'Gäscht gaangen. Den T71 ass awer als verdéngte Gewënner an dëser 1. Finall vum Terrain gaangen. Bei den Damme gëtt am Best-of-Three-Modus gespillt.
Resultater Dammen Finall
Hären
Déi éischt Finall am Best-of-Five-Modus tëscht Steesel an Diddeleng gouf um Samschdeg den Owend gespillt.
Den T71 huet um Enn mat 83:73 (20:15, 23:23, 18:16, 22:19) zu Steesel bei der Amicale gewonnen. Am 1. Véierel waren d'Gäscht besser am Match an hu sech e Virsprong vu 5 Punkten erausgespillt (20:15). De Bob Melcher huet seng Ekipp awer am 2. Véierel am Spill gehalen, soudass et bei deene 5 Punkten Avance bis zur Paus bliwwen ass. De Melcher hat bis dohi 15 Punkte markéiert. Am drëtte Véierel ass et equilibréiert weidergaangen an d'Ekipp vum Tom Schumacher konnt dee knapp mat 18:16 fir sech entscheeden. Am leschte Véierel ass d'Amicale am Ufank nach emol méi no erukomm. Um Enn hat Diddeleng awer méi ee laangen Otem a konnt de Match däitlech fir sech entscheeden.