
De Club aus der 2. Bundesliga louch scho mat 3:0 am Avantage no der 1. Hallschent. An der 2. Hallschent hu se dunn nach emol opgedréint an de Score op 8:0 eropgeschrauft.
Och den 1. FC Nürnberg aus der 2. Bundesliga huet näischt ubrenne gelooss géint den 1. FC Kaan-Marienborn aus der Regionalliga West, bei der 2:0-Victoire.
Tëscht dem VfB Stuttgart an Dynamo Dresden aus der 3. Liga war et allerdéngs spannend bis zum Schluss. Den eenzege Gol vum Match ass an der 33. Minutt vum Churlinov geschoss ginn, dat zu Gonschte vu Stuttgart. Stuttgart war vun der 67. Minutt u just nach zu 10, nodeems den Anton déi giel-rout Kaart gesinn huet. Um Enn sollt et awer beim 0:1 bleiwen a Stuttgart ass eng Ronn weider.
Am Spëtzematch vum Owend sinn 1860 München aus der 3. däitscher Liga a Borussia Dortmund aus der Bundesliga openee getraff. Dortmund konnt fréi am Match duerch e Gol vum Malen a Féierung goen, dat an der 8. Minutt. An der 31. Minutt huet de Bellingham no Viraarbecht vum Reus op 2:0 erhéicht. Nëmme 4 Minutte war et du souguer schonn den 3:0, dat duerch den Adeyemi, dat allerdéngs aus Abseitsverdächteger Positioun, an och de Münchener Golkipp hat an där Situatioun net gutt ausgesinn. Mat deem Resultat goung et dunn an d’Kabinnen.
An der 2. Hallschent war den Drock eraus aus der Partie. Déi Münchener hu sech eng eenzeg Golchance konnten am ganze Match erausspillen, an och dee Schoss war mol net kadréiert. Op Säit vun Dortmund koum et nach zu e puer Wiesselen, ma e Gol ass net méi gefall. Dortmund wënnt um Enn verdéngt auswäerts mat 3:0 a steet an der 2. Ronn.
1. FC Kaan-Marienborn (Regionalliga West) - 1. FC Nürnberg (2. Bundesliga) 0:2
TSG Neustrelitz (Oberliga NOFV-Nord) - Karlsruher SC (2. Bundesliga) 0:8
Dynamo Dresden (3. Liga) - VfB Stuttgart (Bundesliga) 0:1
1860 München (3. Liga) - Borussia Dortmund (Bundesliga) 0:3