De Klammsport gëtt ëmmer méi beléift. Zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner huet sech d‘Zuel vun de Klëmmer an de leschten 20 Joer op d‘mannst verduebelt.

Nohalteg dobausse klammen / Reportage Annick Goerens

D'Wanterbaach zu Bäerdref ass awer déi eenzeg Plaz am Grand-Duché, wou een de Sport dobaussen um Fiels praktizéiere kann an deementspriechend ass de Site iwwerlaascht. D'Lëtzebuerger Klammfederatioun FLERA fuerdert dofir zanter Joren d'Ouverture vun neie Sitten. D'Annick Goerens – eis Journalistin, déi selwer ganz aktiv am Sport ass - war fir eis op den Terrain.

Zanter de 50er Jore gëtt hei am Land dobausse geklommen. An den 80er Jore goufen et souguer 7 verschidde Klamm-Gebidder am Land - déi meescht am Mëllerdall zu Bäerdref, Konsdref, ma och am Mierscher Eck – zanter 2002 dierf een awer just nach an der Wanterbaach zu Bäerdref klammen. An déi ass mat der Beléiftheet vum Sport besonnesch d'Weekender an am Summer iwwerfëllt. Dat hannerléisst Spueren, erkläert de Jacques Welter, Vize-President vun der FLERA a Klamm-Pionéier.

"Ofnotzung gëtt et jo haaptsächlech duerch d'Erosioun. Mä trotzdeem, déi Spueren, déi d'Klammen hannerléisst mat Magnesia an esou. An den 80er an 90er Joren ass et och Magnesia ginn, deen ass awer mam nächste Reen ofgewäsch ginn. Mëttlerweil, wann awer all Dag 20 Leit an enger Route klammen, da baakt sech dat ëmmer méi fest. Dat heescht, do ass op d'mannst emol déi visuell Verschmotzung, wann een esou ka soen. Déi ass schwéier ewechzekréien a se geet net méi iwwer de Wanter ewech."

Et gëtt 4.000 Hektar Gebitt am Mëllerdall an d'Wanterbaach ass op 0,5 Hektar reduzéiert. Wéi am Ausland sollen dofir weider Sitten opgemaach ginn, fir ze dezentraliséieren a fir d'Belaaschtung méi ze verdeelen.

"Awer och een anere wichtege Grond ass d'Zukunft vum Klammen. De Klammsport hat ëmmer ee Charakter vun Exploratioun, vun neie Sitten an och de Schwieregkeetsgrad geet stänneg an d'Luucht, weltwäit och. An hei ass een awer elo limitéiert op enger Plaz, et ass alles erschloss. Vill méi ass net dran. Et gi keng Entwécklungsméiglechkeeten an déi ginn et schonn net méi zanter 20 Joer."

E potentielle neie Site ass ongeféier eng Véierel-Stonn ze Fouss vun der Wanterbaach fort. Am Maartbësch.

"Do gëtt et säit laang hier vill Kloterméiglechkeeten. Do ass och fréier ganz vill geklomme ginn. An allen Ecken hei fënnt een nach Spueren dovunner. Et sinn och nach al Kreep an de Wänn an esou. An dat wier zum Beispill schonn eng vu sëllege Plazen, déi sech eegnen, vläicht an Zukunft nach op anere Plazen ze klammen."

De 25. September organiséiert d'Lëtzebuerger Klammfederatioun e Colloque, fir mat all de concernéierten Acteuren driwwer ze diskutéieren, wéi een de Klammsport am Sënn vun der Nohaltegkeet an dem Naturschutz ka weiderentwéckelen.

"Mir wäre schonn emol frou, wann een éischte Schrëtt a Richtung géing goen, de Klammsport schonn emol net esou als eng illegal Praktik ze bezeechnen. Wann een hei klëmmt, kann ee scho gesetzlech belangt ginn. Dat fanne mir ganz schlëmm par Rapport zu anere Communities, déi och nëmmen Natursport maachen."

Wanderer a Mountainbiker dierften och méi oder wéineger fueren, wou se wéilten – soulaang Weeër do wieren. D'Zil wier et dann och am Klammen, fort vun enger Verbuets- eran an eng Lenkungspolitik ze kommen.