D’Iddi ass d’EM ofwiesselend zu den traditionelle Spiller vun de klenge Länner all zwee Joer ze organiséieren. An der Coque ass dëse Weekend d’Première, dat mat Kämpf bei der U18, de Senioren an an der Ekipp. D’Organisatioun ass bis elo ganz gutt verlaf, och wa sech Monaco a Montenegro um Enn ofgemellt hunn.
De Raymond Bäcker vun der Organisatioun vum Tournoi bedauert dës Ofsoen, mee ass awer global zefridden, wéi bis elo alles gelaf ass.
E Samschdeg de Moie gouf et dann och fir d’Lëtzebuerger Cadets éischt Medailen. De Lucas Trapp an de Micha Welter krute Gold an de Kevin Dos Santos Sëlwer. Bei de Cadets Meedercher stoung d’Chloé Schillings ganz uewen um Podium.
E Samschdeg de Mëtteg waren d’Aen op d’Seniore geriicht. Zanter bal engem Joer ass de Claudio Dos Santos Sportzaldot a kënnt no der IB an de leschte Méint lues a lues erëm a Judo-Form. Den 23 Joer alen COSL-Elitenathlet huet de Mëtteg seng Kategorie ënner 73 Kilo dominéiert. Fir de Claudio Dos Santos si Victoirë virun eegenem Public wichteg, fir Confiance ze tanke fir déi nächst grouss Tournoien um héchsten Niveau.
Fir dat zweet Lëtzebuerger Talent Kenza Cossu geet et de Moment de Wee an déi aner Richtung. Och si krut bei de Seniorinne mat hiren eréischt 18 Joer Gold an der Kategorie ënner 63 Kilo, mee no dësem Tournoi leien d’Prioritéite bei der Bounewegerin op enger anerer Plaz.
D’Kenza Cossu mécht d’Première ouni Splitting a konzentréiert sech virun allem de Weekend op d’Léieren. An dann am nächsten Hierscht wëll si an d’IB fir Sportzaldotin.
Um Sonndeg huet sech Lëtzebuerg an der Mixed-Team-Competitioun Gold geséchert. Sëlwer ass fir Zypern. Bronze hu sech Liechtenstein a Malta gedeelt.