Den Iwwerbléck vum WantersportDomen Prevc nees net ze schloen, Franjo von Allmen wënnt Descente zu Crans Montana

Jeff Birsens
Den Domen Prevc huet sech am däitsche Willingen mat engem groussen Ecart déi nächst Victoire am Schisprange geséchert. Bei der Descente zu Crans Montana huet donieft de Franjo von Allmen d'Konkurrenz mat enger staarker Leeschtung hannert sech gelooss.
Slovenia's Domen Prevc soars through the air during the Men's Individual Large Hill HS142 event of the FIS Ski Jumping World Cup, the fourth and last leg of the Four Hills Tournament, in Bischofshofen, Austria on January 6, 2026. (Photo by GEORG HOCHMUTH / APA / AFP) / AUSTRIA OUT
© APA/AFP

Schi Alpin

Nodeems et bei den Dammen e Samschdeg eng iwwerraschend Victoire vun der Malorie Blanc gouf, huet sech e Sonndeg an der Descente zu Crans Montana de Franjo von Allmen mat enger staarker Prestatioun duerchgesat. De Schwäizer hat no sengem Duerchgang ee Virsprong vun 0.65 Sekonnen op den Zweeten Dominik Paris an 0.70 Sekonnen op den US-Amerikaner Ryan Cochran-Siegle.

Schisprangen

Am Sprange vun den Hären zu Willingen konnt op en Neits keen dem Domen Prevc d’Waasser reechen. De Slowen huet sech mat 293.00 Punkten déi éischt Plaz geholl an hat dobäi ee groussen Ecart op den Zweete Ren Nikaido aus Japan mat 261.30 Punkten an den Drëtte Philipp Raimund aus Däitschland mat 253.10 Punkten.

Bei den Dammen ass d´Victoire am Sprangen zu Willingen un d’Norwegerin Eirin Kvandal gaangen. Si hat um Enn 251.80 Punkten a louch domat virun der Japanerin Nozomi Maruyama mat 243.90 Punkten an der Slowenin Nika Prevc mat 235.10 Punkten.

Artikel vum 31. Januar 2026

Back to Top
CIM LOGO