Schwammen: 3. Dag vum Euro MeetEmma Barthel stellt nächsten nationale Rekord op, zweet Plaz fir de Finn Kemp

Bern Thill
Nom neien nationale Rekord op den 200 Meter Brasse huet déi 15 Joer al Schwëmmerin e Sonndeg och op den 200 Meter 4 Nages beim Euro Meet eng nei Lëtzebuerger Beschtzäit opgestallt.

De Finn Kemp an d’Emma Barthel hunn dem Euromeet aus Lëtzebuerger Siicht hire Stempel opgedréckt. E Freideg war déi 15 Joer al Schwëmmerin enttäuscht, obwuel si hiren zweetbeschte Chrono geschwomme war. Déi ambitiéis talentéiert Schwëmmerin wollt hiren eegenen nationale Rekord briechen.

E Samschdeg gouf et dann en neien nationale Rekord op den 200 Meter Brasse an e Sonndeg de Moien huet d’Schülerin aus dem Sportslycée sech op den 200 Meter 4 Nages fir d’B-Finall qualifizéiert. Do hat d’Emma Barthel nach genuch Reserven an huet d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, fir hiren zweeten nationale Rekord wärend dem Euro Meet opzestellen. Duerch eng staark Längt an der Brasse ass et der jonker Schwëmmerin gelongen Drëtt an dëser B-Finall ze ginn.

De Finn Kemp gouf e Samschdeg 8. an der A-Finall, dat mat enger perséinlecher Beschtzäit. Dëst war eng 200-Meter-Brasse-Course vun engem ganz héijen internationalem Niveau, mat ënner anerem dem Weltmeeschter Caspar Corbeau. E Sonndeg de Moien ass den 20 Joer ale Schwëmmer zwou Coursen geschwommen. D'100 Meter Brasse a kuerz duerno d’200 Meter 4 Nages. Hien huet awer verzicht, fir mëttes an der B-Finall vun der 100-Meter-Brasse unzetrieden, fir sech voll a ganz op d’200 Meter 4 Nages ze konzentréieren, mat enger Podiumsplaz am Hannerkapp. De Finn Kemp ass ee vun de seelene Lëtzebuerger, deem dat bis elo um Euro Meet gelonge war.

Ganz grousse Kino gouf et vun him dann och an der A-Finall. Genee esou wéi d’Emma huet de Finn Kemp seng Stäerkt an der Brasse mat an d’Spill bruecht an huet am Crawl net schlapp gemaach. Um Enn ass hien deen Zweete ginn an huet et domadder op de Podium vun dësem renomméierten Euromeet gepackt.

Euro Meet: De Finn Kemp am Studio beim Jeff Kettenmeyer
Wéi zefridden ass den FLNS-Schwëmmer mat senger Leeschtung?

Fir den Antonio Sabedotti war d’Qualifikatioun fir dës Finall schonn en Exploit. D’Lou Jominet, de Joao Carneiro an de Philippe Weyland hate sech fir d’A- respektiv d’B-Finall qualifizéiert.

Weider Artikele vum Euro Meet 2026

Back to Top
CIM LOGO