De komplette Virstand vum Serie-A-Club Juventus Turin ënnert dem Andrea Agnelli an Ex-Profi Pavel Nedved huet seng Demissioun agereecht.

Wéi et vun de Veräins-Proprietäre vun Exor heescht, gouf entretemps den Gianluca Ferrero amplaz vum Andrea Agnelli als neie Veräinspresident proposéiert.

Enn Oktober hat de Parquet vun Turin Ermëttlunge wéinst der presuméierter Fälschung vu Bilanzen an Irregularitéite bei Spillertransferten ofgeschloss. 16 Ugekloten dréit deemno e Prozess, dorënner och dem Andrea Agnelli a Pavel Nedved.

Exor, eng Investmentgesellschaft, där 63,8% Undeeler u Juventus Turin gehéiert, seet dem Gianluca Ferrero "signifikant Erfarung an déi néideg technesch Kompetenzen" no.

Den 59 Joer ale Beroder vun Entreprisë géing d'Juve zu kengem einfachen Zäitpunkt iwwerhuelen: Am leschte Geschäftsjoer soll de Veräin e Verloscht vu bis zu 254 Milliounen Euro ugesammelt hunn.