En Dënschdeg den Owend stoung déi éischten Halleffinall vun der WM um Programm. Hei hunn Argentinien a Kroatien ëm den Ticket fir an d'Finall gekämpft.

En Dënschdeg konnte sech d'Argentinier mat enger zolitter Leeschtung den Ticket fir d'Finall sécheren. Dëst andeems si mat 3:0 géint Kroatien gewonn hunn.

E Mëttwoch gëtt déi zweeten Halleffinall tëscht dem Marokko a Frankräich gespillt.

De Resumé vum Match

Argentinien - Kroatien 3:0
1:0 Messi (34', Eelefmeter), 2:0 Alvarez (39'), 3:0 Alvarez (69')

D'Spectateuren hunn eng relativ serréiert Ufanksphas gesinn an där sech de Groussdeel vum Match am Mëttelfeld ofgespillt huet. Chance waren op béide Säite rar geseet. Dëst well keng Ekipp e Feeler maache wollt an de Match domadder aus der Hand wollt ginn. Esou konnt déi éischt nennenswäert Occasioun réischt an der 25. Minutt verbucht ginn, wou de Fernandez et aus gutt 20 Meter mat engem Wäitschoss probéiert huet. De Livakovic am Gol vun de Kroaten hat de Ball allerdéngs sécher. Doropshi sollt de Match allerdéngs nees offlaachen a béid Formatioune ware rëm beméit de Géigner vum eegene Strofraum ewechzehalen. No 32 Minutte sollt et dunn awer fir déi éischte Kéier spannend ginn am Match. Dëst nodeems de Fernandes den Alvarez mat engem héije Ball op d'Rees geschéckt huet an dëse vum kroatesche Golkipp am Strofraum vun de Been geholl gouf. Dem italieneschen Arbitter ass doropshin näischt aneres iwwreg bliwwen, wéi op Eelefmeter ze decidéieren. Dëse Penalty huet de Messi dunn an der 34. Minutt sécher uewe riets am Eck ënnerbruecht an domadder seng Faarwen a Féierung geschoss. 5 Minutte méi spéit sollt dunn den 2:0 fir Argentinien falen. Dës Kéier war et den Alvarez, deen e Gol markéiere konnt. No engem Solo, wou den Alvarez all kroatesche Géigespiller ausgespillt a stoegelooss huet, konnt den Argentinier de Ball aus kierzter Distanz am Gol ënnerbréngen. Fir d'Kroate war dëst eng kal Dusch, vun där si sichtlech geschockt waren. D'Argentinier dogéint hu bewisen, datt si äiskal an der Chancëverwäertung sinn an datt si nach Loscht op méi hunn. Esou hat de MacAllister an der 43. Minutt d'Méiglechkeet op 3:0 ze erhéijen, allerdéngs ass dësen um Livakovic hänke bliwwen, dee senge Faarwen domadder eng kleng Chance op e Comeback opgehalen huet. Duerno ass net méi vill geschitt, soudatt d'Argentinier mat enger 2:0-Avance an d'Paus gaange sinn.

Nom Téi hat ee sech eng Reaktioun vun de Kroaten erwaart. Esou hu si jo zwéngend missen zwee Goler schéissen, fir nach eng Chance ze hunn, fir an d'Finall anzezéien. Allerdéngs waren et d'Argentinier, déi de Match geréiert hunn a sech am Géigendeel zu de Kroaten e puer Chancen erausgespillt hunn. Esou ass de Messi an der 57. Minutt no enger In-Deux mam Fernandez fräi virum Livakovic opgedaucht. Allerdéngs ass hie mat sengem Schoss aus spatzem Wénkel um kroatesche Golkipp hänke bliwwen. An der 62. Minutt sollt et dunn fir déi éischte Kéier am Match am argentinesche Strofraum brennen. Nodeems de Ball no engem Fräistouss an de Strofraum geseegelt ass, konnt keen Defenseur vun den Argentinier de Ball esou richteg klären, soudatt et zu engem Gewurschtels am Strofraum komm ass, vun deem d'Kroaten um Enn allerdéngs net profitéiere konnten. D'kroatesch Hoffnungen op eng Finall goufen an der 69. Minutt du komplett zerstéiert, wou de Messi den Alvarez schéin an Zeen gesat huet. Den 22 Joer jonken Argentinier hat keng Schwieregkeete fir de Ball vum Messi ze verwäerten an huet mat sengem flaache Schoss op 3:0 erhéicht. Domadder war d'Mass gelies an d'Kroaten hunn net méi den Androck gemaach, wéi wa si nach dorunner gegleeft hätten, datt si de Match nach kéinten dréinen. Argentinien huet doropshin de Match geréiert, offensiv net vill riskéiert an defensiv alles ofgeséchert, soudatt si souverän mat enger 3:0-Victoire an d'Finall vun der Weltmeeschterschaft anzéien. Dobäi hunn d'Argentinier virun allem mat hirer äiskaler Chancëverwäertung iwwerzeegt.