E Samschdeg de Moie stoungen de Joao Carneiro an de Finn Kemp um 8.30 Auer um Startblock, fir eng 50 Meter Brasse Course ze schwammen. Si haten du schonn e längeren Opwiermprogramm hanneru sech, fir dass de Kierper waakreg ass. Op der Sprintdistanz kënnt et op all Detail un. Dem Finn säi Chrono, ronn 2 Zéngtel vum Landesrekord ewech, war exzellent, ma de jonke Schwëmmer gouf wéinst engem falsche Beeschlag disqualifizéiert. Op den 200 Meter Brasse konnt den Athlet sech du fir d’A-Finalle mëttes qualifizéieren, wat net esou einfach ass, well de Niveau dëst Joer extrem héich an dicht an de Brasse-Disziplinnen ass. Esou en intensive Kompetitiounsdag muss optimal geréiert ginn.
Normalerweis leien déi 2 Schwëmmer Kemp a Carneiro ganz no beieneen an der Brasse. E Samschdeg war den Ënnerscheed awer grouss, zu Gonschte vum Finn. De Joao war net speziell op den Euro Meet virbereet a war op den 200 Meter ronn 10 Sekonne méi lues wéi seng Beschtzäit. De Finn Kemp gouf den 8. an der A-Finall, an dat mat perséinlecher Beschtzäit.
D’Emma Barthel hat sech moies fir d’B-Finall qualifizéiert, an dat mat engem Chrono no un hirem eegenen nationale Rekord. Nomëttes gouf déi 15 järeg Schwëmmerin 2. an der B-Finall an huet hei mat engem Chrono vun 2:34.58 en neien nationale Rekord op den 200 Meter Brasse opgestallt. Eng schéi Belounung fir déi intensiv Virbereedung op den Euro Meet.
No senger A-Finall vum Freideg konnt de Florian Frippiat sech och haut fir d’A-Finall qualifizéieren.
E Sonndeg geet et dann um leschten Dag vum Euro Meet viru mat spannende Coursen op engem héijen Niveau. D’Virleef kënnt Dir vun 8.30 Auer bis 12.35 Auer live op RTL Play, RTL.lu an op der App suivéieren, d’Finalle kënnt Dir vu 15.45 Auer bis 17.50 Auer donieft och op RTL Zwee suivéieren.