
© AFP
Kee Gewënner gouf et dann tëscht Lyon an Nantes. Newcastle a Bilbao konnten hir Partien dogéint géint Nottingham a Valladolid gewannen.
Bundesliga
Borussia Mönchengladbach - Werder Bremen 2:2
1:0 Thuram (48'), 1:1 Ducksch (65'), 2:1 Neuhaus (73'), 2:2 Ducksch (89')
No engem 0:0 an der Paus konnten d'Fans zu Mönchengladbach awer nom Säitewiessel e puer Goler bejubelen. Den Téi aus der Paus war mol nach net kal, dunn huet den Thuram fir d'Fohlen den 1:0 markéiert. No 48 Minutten hat den Hofmann hie gutt an Zeen gesat. No 65 Minutten war et dunn den Ducksch, deen no Virlag vum Schmid d'Gäscht nees bäibruecht huet. Hir Freet huet awer net laang gehalen, well den Neuhaus an der 73. d'Borussia nees a Féierung konnt bréngen. Kuerz virum Enn vum Match war et nees den Ducksch, dee sech en Häerz geholl an einfach dropgehalen huet. Hie gouf mat sengem zweete perséinleche Gol an dëser Partie dofir belount an huet de Gäscht domadder ee Punkt an der Tabell geséchert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Nottingham Forest - Newcastle United 1:2
1:0 Dennis (26'), 1:1 Isak (45'+2), 1:2 Isak (90'+4,p)
D'Heemekipp, déi matten am Ofstigskampf dran ass, konnt laang doheem géint Newcastle, déi an der Course ëm d'Champions League Plazen e Wuert wëlle matschwätzen, mathalen. Dobäi hat et gutt fir Nottingham ugefaangen, déi no 26 Minutten duerch den Dennis a Féierung goe konnten. Den Isak hat an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ausgeglach an no 64 Minutten hat et ausgesinn, wéi wann den Anderson d'Gäscht a Féierung bruecht hätt, ma de VAR huet dës Gol wéinst Abseits zeréckgeholl. Et huet bis zu der 94. Minutt gedauert, bis Newcastle dann awer eng zweete Kéier treffe sollt. Ausgangspunkt war en Handspill vum Niakhaté, deen zu engem Eelefmeter gefouert huet. Eng Chance, déi sech den Isak fir säin zweete perséinleche Gol vum Dag net huele loosse wollt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Sassuolo Calcio - Spezia Calcio 1:0
1:0 Berardi (71'.p)
Aus der Partie eraus sollte keng Goler am Calcio-Duell falen, esou datt den eenzege Gol en Handeelefmeter war, deen den Arbitter awer eréischt no der Amëschung vum VAR ginn huet. Dës Chance hat de Berardi sech an der 71. Minutt net huele gelooss an hien huet den eenzege Gol an dëser Partie geschoss.
Atalanta Bergamo - FC Empoli 2:1
0:1 Ebuehi (44'), 1:1 De Roon (58'), 2:1 Hojlund (86')
No 44 Minutten ass dem Ebuehi e Ball, dee geblockt gouf, virun d'Féiss gefall an hien huet sech dës Chance net huele gelooss, fir d'Gäscht a Féierung ze bréngen. No bal enger Stonn konnt d'Heemekipp no engem gutt gespillten Ugrëff duerch den De Roon ausgläichen. An der 86. Minutt huet de Hojlund du fir d'Heemekipp getraff. De grousse Jubel huet awer och sech waarde gelooss, well den Arbitter nach um Monitor préiwe wollt, ob et net awer Abseits war. No Récksprooch huet hien de Gol du ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Olympique Lyon - FC Nates 1:1
0:1 Lukeba (2',sg), 1:1 Lacazette (24')
Schonn an der 2. Minutt huet de Lukeba getraff, datt awer aus senger Siicht leider an den eegene Gol, esou datt Nantes ganz fréi an dëser Partie a Féierung konnt goen. No 24. Minutten dunn huet e weidere Spiller vu Lyon de Ball iwwert d'Lynn bruecht, dëst d'Kéier awer op der richteger Säit vum Terrain. An de weidere 65 Minutte plus Nospillzäite sollte keng Goler méi falen, esou datt et beim 1:1 bliwwen ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Real Valladolid - Athletic Bilbao 1:3
0:1 Martinez (30'), 0:2 Guruzeta (57'), 1:2 Larin (74'), 1:3 Vesga (78')
Vun der Statistik hier, wat Ballbesëtz a Golchancen ugeet, war et eng ausgeglache Partie, eenzeg huet Bilbao méi draus gemaach. Esou hat de Martinez no enger hallwer an de Guruzeta no bal enger Stonn schonn op 2:0 gesat. D'Freet vum Uschlossgol vum Larin war just kuerz, well direkt drop gouf et en Eelefmeter fir Bilbao, deen de Vesga eraschéisse konnt an esou 12 Minutte viru Schluss nees den Ecart vun zwee Goler hiergestallt huet. Beim deem Score sollt et dann och bleiwen.