
Entente Housen/Norden - FC Mamer 32 2:10
D’Gäscht aus dem Süden, déi haut am héijen Norden hu missen untrieden, hu scho frei am Match den Toun uginn. Esou stoung et schonn no 12 Minutten 1:0 fir d’Gäscht. Allerdéngs konnt d’Entente Housen/Norden am Ufank nach relativ gutt mathalen a schonn an der 17. Minutt egaliséieren. Och den zweete Gol an der 27. Minutt vu Mamer huet d’Lokalekipp net geschockt, soudatt dës an der 34. Minutt schonn nees ausgläiche konnt. Virun der Paus huet dës dunn zwee Mol an der Defense net opgepasst an d’Entente huet sech nach zwee Géigegoler virum Téi gefaangen. Nom Téi huet bei der Lokalekipp guer näischt méi geklappt, wougéint d’Gäscht monter opgespillt hunn. Ee Gol nom anere sollt falen, soudatt Mamer um Enn kloer an däitlech mat 10:2 gewënnt an domadder verdéngt an der Final vun der Coupe steet.
RFCUL - FC Déifferdeng03/Luna 3:0
An der zweeter Halleffinall konnt sech de Favorit kloer mat 3:0 duerchsetzen. Den RFCUL huet vun Ufank un d’Heft an d’Hand geholl an huet monter opgespillt. D’Gäscht haten zwar och hir Chancen, allerdéngs konnte si nëmme seele fir Entlaaschtung an der Defense suergen. D’Spillerin vum Match ass iwwerdeems d’Kimberley dos Santos, wat déi dräi Goler markéiere konnt.
An der Finall treffen domadder Mamer an den RFCUL openeen.