Esch kroopt sech de Meeschtertitel
No enger 82:71-Victoire am véierte Match séchert sech de Basket Esch den Titel vun der Saison 2022/23.
De Basket Esch feiert den zweete Championstitel a senger Geschicht. Deen éischte gouf hinnen an der Corona-Saison 2019/20 zougeschriwwen.
No enger ausgeglachener Ufanksphas louch Steesel no aacht gespillte Minutten 21:16 vir, mee Esch ass bis zum Enn vum éischte Quarter en 10:0-Laf gelongen, soudass den éischte Véierel mat 26:21 un d'Heemekipp goung. An den zweeten 10 Minutten huet Esch den Ecart liicht kënnen ausbauen an esou goung et mat 44:38 an d'Paus.
Déi zweet Hallschent hat fir de Basket Esch manner gutt ugefaangen. Der Amicale war en 10:2-Laf gelongen, woumat si nees voll am Match war. Déi Escher sinn awer roueg bliwwen, hu sech nees erkritt a si mat 60:53 zu hire Gonscht an de leschte Véierel gestart.
Do sollt de Basket Esch an den éischte Minutten de Sak zoumaachen. No fënnef Minutten hat Esch 11 Punkte geworf, Steesel just 4. Domat war zimmlech fréi kloer, dass de Meeschtertitel eng zweet Kéier op Esch geet. Ouni de Bob Melcher, dee wéinst enger Blessur fir dëse Match ausgefall war, hunn déi Steeseler ni richteg an de Match fonnt.