Wierfele solle gefall sinn - Den David Jonathans wéilt e Roude Léiw ginn
© FC Bayern München
Et war laang ongewëss, elo schéngt et eng positiv Nouvelle fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp ze ginn.
Den David Jonathans, dat grousst Talent, dat zanter 3 Joer beim FC Bayern München forméiert gëtt, soll eisen Informatiounen no, wann hie vum FLF-Nationaltrainer Luc Holtz fir déi nächst Rendez-vousen am Juni an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géif nominéiert ginn, prett sinn, fir d'A-Ekipp vun de Roude Léiwen ze spillen.
Den 19 Joer alen Offensivspiller ass gebiertegen Hollänner a war och um Radar vum Oranje-Team. Den David Jonathans, dee mat 5 Joer mat sengen Elteren an de Grand-Duché koum, géif sech mëttlerweil méi als Lëtzebuerger spieren, an dofir géif hien och fir d'FLF-Formatioun spillen, wann hie vum Luc Holtz géif geruff ginn.
Bei de Bayern huet de Jonathans, dee schonn an de Jugendkategorië fir d'FLF um Terrain stoung, säi Kontrakt bis säin 23. Liewensjoer verlängert, mat der Méiglechkeet, och e Profikontrakt beim däitsche Rekordchampion ze kréien.
© FC Bayern München