D'Lëtzebuergerin huet sech op der olympescher Distanz op der 12. Plaz klasséiert. Am Lafe huet hat souguer déi zweetbescht Zäit am ganze Feld realiséiert.

Bei de World Triathlon Championship Series zu Yokohama a Japan ass d'Jeanne Lehair an enger Zäit vun enger Stonn 55 Minutten an 39 Sekonnen iwwer d'Arrivée gelaf. Mat där gudder Leeschtung huet d'Triathletin nach Chancë fir sech fir d'olympesch Spiller zu Paräis 2024 ze qualifizéieren. D'Eva Daniëls huet an der selwechter Course missen opginn. D'Athletin war um Vëlo an eng Chute verwéckelt a konnt net weiderfueren.

Bei den Hären huet sech de Stefan Zachäus op der 41. Plaz klasséiert. Nom Schwamme war de Lëtzebuerger nach an den Top 30, mee hie konnt d'Leeschtung um Vëlo net confirméieren an ass dunn zréckgefall. De Bob Haller ass och um Vëlosparcours gefall an huet missen opginn.

Bei de Junioren zu Caorle huet sech d'Gwen Nothum bei de Meedercher op der 27. Plaz klasséiert. Bei de Jonge gouf den David Lang den 20..