Esouwuel an de Crèche wéi och am Fondamental misst méi gemaach sinn, seet d'Presidentin vun der Lasep, déi och d'Fro vum politesche Wëllen opwërft.

De Beweegungsmangel an d'Motricitéitsdefiziter bei ville Kanner ginn ëmmer méi grouss, dee Constat huet d'Nicole Kuhn-Di Centa, Presidentin vun der Lasep, déi dës Woch Invitée an eisem Podcast "Drëtt Hallschent de Sporttalk" ass, scho méi laang gemaach. Et misst op enger Rei Plazen eppes geschéien, an de Crèchen, de Maison Relaisen, de Schoulen, der Famill, an der Formatioun vun den Educateuren an dem Léierpersonal. Esou richteg kënnt een awer net virun.

Lass geet et fir vill Kanner schonn an de structure d'accueil. An do geet et fir d'Nicole Kuhn-Di Centa eben net ëmmer wéi et soll. Ma och duerno am Fondamental misst et an den Ae vun der Lasep-Presidentin méi eng pousséiert Formatioun fir d'Léierpersonal, respektiv am beschte Fall Spezialisten am Beräich physesch Educatioun a Sport ginn. Do stellt ee sech dann natierlech d'Fro, ob et um politesche Wëlle feelt.

Absolut onverständlech ass fir d'Nicole Kuhn-Di Centa och, datt een op der Uni.lu eng Formatioun vu 4 Semester iwwer Sport a Beweegung ka suivéieren, déi duerno den Absolvente bei hirem akademesche Grad awer guer net unerkannt gëtt.