D'Citizens gewannen um Sonndeg 1:0 géint Chelsea. Atlético Madrid setzt sech kloer géint Osasuna duerch an Neapel gewënnt géint Inter Mailand.

Bundesliga

De Resumé vun de Sonndesmatcher fannt Dir hei.

Premier League

Manchester City - Chelsea 1:0
1:0 Alvarez (12')

Nodeems Arsenal den Titel um Samschdeg duerch eng 0:1-Defaite zu Nottingham definitiv aus der Hand, war ManCity scho virum Match géint Chelsea neien englesche Champion. D'Lokalekipp war séier a Féierung gaangen an huet och duerno weider den Toun uginn. Chelsea hat tëschent der 30. a 40. Minutt seng bescht Aktiounen an der éischter Hallschent, konnt déi Chancen awer net an e Gol ëmmënzen. An den zweete 45 Minutten huet ManCity weider dominéiert an zwee Goler markéiert, déi awer wéinst Handspill a Foul am Virfeld net gegollt hunn. Um Enn gewannen d'Citizens verdéngt a feieren den nächste Meeschtertitel.

Serie A

FC Turin - Florenz 1:1
0:1 Jovic (48'), 1:1 Sanabria (66')

Neapel - Inter Mailand 3:1
1:0 Zambo Anguissa (67'), 1:1 Lukaku (82'), 2:1 Di Lorenzo (85'), 3:1 Gaetano (90'+5)

De Meeschter an der italieenescher Serie A hat déi éischt Hallschent dominéiert, mee blouf ouni Erfolleg virum Gol. Inter stoung iwwer déi ganz éischt 45 Minutten zimmlech defensiv. An der 67. Minutt sollt de Knuet fir Neapel platzen an et sollten och weider gutt Golchancen fir de Meeschter eraussprangen. De Schock vum Ausgläich duerch de Lukaku hunn I Partenopei mat zwee weidere Goler gekontert a schlussendlech verdéngt gewonnen.

Ligue 1

Lorient - Lens 1:3
1:0 Faivre (6'), 1:2 Sotoca (20'), 1:2 Thomasson (25'), 1:3 Fofana (87')

D'Ufanksphas vum Match hat et a sech; net manner wéi dräi Goler sinn an den éischte 25 Minutte gefall. Den éischte Gol war fir Lorient, éier Lens zeréckgeschloen huet. Den Tabellenzweeten huet de Match duerno zimmlech kloer dominéiert, konnt awer eréischt e puer Minutte viru Schluss den Deckel drop maachen. Domat ass d'Decisioun ëm de Meeschtertitel a Frankräich op den nächste Spilldag verluecht.

La Liga

Atlético Madrid - Osasuna 3:0
1:0 Carrasco (44'), 2:0 Niguez (62'), 3:0 Correa (82')

Atlético louch an der Paus verdéngt 1:0 vir, well se gutt an de Match komm waren an e puermol de Potto getraff hunn, awer eréischt kuerz virum Pausepëff den éischte Gol schéisse konnten. Och nom Säitewiessel waren d'Madrileenen déi besser Ekipp an hunn de Score nach op 3:0 eropgeschrauft. Osasuna hat de ganze Match net vill entgéintzesetzen. Atlético huet sech domat d'Qualifikatioun fir d'Champions League geséchert.

Valencia - Real Madrid 1:0
1:0 Lopez (33')

Real Madrid huet mat der Néierlag bei Valencia déi zweet Plaz am Klassement un de Lokalrival Atlético verluer. Valencia war mat vill Engagement an de Match gaangen a konnt an der 33. Minutt duerch den 21 Joer jonke Lopez den decisive Gol schéissen. Bis zur Paus hat d'Lokalekipp nach eng Rei Méiglechkeeten, op 2:0 ze erhéijen. Real Madrid hat am zweeten Duerchgang och eng Rei Chancen, konnt déi awer net notzen.