Leicester a Leeds steigen of, Hamburg muss an d'Relegatioun

© AFP
An der Premier League huet sech Everton duerch eng 1:0-Victoire géint Bournemouth konnten an der Liga halen. A Spuenien steigt Espanyol Barcelona oof.
Stoung um Samschdeg an der däitscher Bundesliga de leschte Spilldag um Programm, war et e Sonndeg un der Premier League.
2. Bundesliga
An der 2. däitscher Bundesliga steet no 34. Spilldeeg Heidenheim op der 1. Plaz, virun Darmstdt dem dem HSV. Darmstadt stoung schon am Virfeld als Opsteiger fest.
Hamburg huet seng Hausaufgaben mat 1:0 zu Sandhausen erleedegt a stoung laang als zweeten direkten Opsteiger fest, dat well Heidenheim zu Regensburg mat 1:2 a Réckstand louch. An der Nospillzäit huet de Beste (90+3') an de Kleindienst (90+8') dunn awer nach 2 ganz spéit Goler konnte markéieren, sou dass Heidenheim nieft Darmstadt an déi 1. Bundesliga opsteigt. Fir Hamburg bleift op e Neits just de Wee an d'Relegatioun, wou et de nächste Weekend géint Stuttgart geet.
Premier League
An der englescher Premier League stoung um Sonndeg den 38. a domat leschte Spilldag um Programm. Vill Entscheedunge waren am Virfeld scho gefall, ënnert anerem dass Manchester City fir déi drëtte Kéier noeneen de Meeschtertitel ka feieren. Am leschte Match vun der Saison konnten d'Spiller ronderëm den Erling Haaland allerdéngs keng Victoire feieren. Géint Brentford gouf et eng 0:1-Néierlag.
Op der zweeter Plaz klasséiert sech Arsenal London, déi 5:0 géint Wolverhampton gewonnen hunn. An der Champions League spillen déi nächste Saison dann och nach Manchester United an Newcastle. Liverpool, déi 4:4 géint Southampton gespillt hunn, ass mat Brighton déi nächste Saison an der Europa League.
Am Ofstigskampf konnt sech Everton duerch eng 1:0-Victoire géint Bournemouth an der Premier League halen. Fir Leicester, Leeds a Southampton geet an déi 2. Liga.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Den italieenesche Meeschter SSC Neapel huet um zweet leschte Spilldag auswäerts géint Bologna missen untrieden. Obwuel Neapel duerch Goler vun Osimhen (14', 54') no 54 Minutte mat 2:0 a Féierung louch, huet en um Enn awer nach 2:2 gespillt. De leschte Spilldag gëtt dann déi nächste Woch gespillt.
Lazio Roum huet sech iwwerdeems an enger immens spannender Partie an der Schlussphase duerch e Gol vum Milinkovic-Savic (89') mat 3:2 géint Cremonese duerchgesat a steet elo ee Spilldag viru Schluss elo mat 71 Punkten 2 virun Inter Mailand op der zweeter Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
A Spuenien steet Barcelona als Meeschter fest. Um Sonndeg den Owend steet dann awer nach de 37. Spilldag um Programm.
Barcelona huet Mallorca 3:0 geklappt iwwerdeems Atl. Madrid sech doheem konnt mat 2:1 géint Real Sociedad duerch setzen. Domat entscheet sech um leschte Spilldag tëscht Real an Atletico wien sech Vizemeeschter dierf nennen. Espanyol Barcelona ass zu Valencia net iwwer een 2:2 erauskomm, wat gläichbedeitend mam Ofstig fir d'Katalanen ass.