Am Virfeld vun de Spiller vun de klenge Länner huet d'Nationalekipp e Virbereedungsmatch géint Portugal gespillt. Dëse gouf mat 64:71 verluer.

D’Lëtzebuergerinne si schlecht an de Match erakomm a louche séier mat 0:7 hannen. Géint eng gutt organiséiert Defense konnte si keng Léisunge fannen an haten nom 1. Véierel en 10 Punkte Retard. D’Portugisinnen hu sech besser um Terrain beweegt a konnte vum schlechte Spillopbau an de Lëtzebuerger Reie profitéieren, fir sech weider Chancen erauszespillen. Sou sinn d'Portugisinne mat enger 40:18 Féierung an d’Paus gaangen.

D’Rout Léiwinnen hunn awer eng Reaktioun gewisen a si gutt aus de Kabinne komm a hunn direkt nom Upaff e bessert Gesiicht gewisen. Méi Beweegung a méi Aggressivitéit hunn et de Lëtzebuergerinnen erméiglecht, de Retard méi kleng ze maachen an esou de leschte Quarter mat just engem 1 Punkt Retard unzefänken.

Um Enn sollt et awer net méi duergoen, well si am leschte Véierel un d’Leeschtung aus deem drëtten net méi uknäppe konnten. D’Lëtzebuergerinnen hu sech mat 64:71 misse geschloe ginn.

Zwou Bronzemedaile goufen et bei deenen zwou leschten Editioune vun de Spiller vun de klenge Länner. D’Spillerinnen hoffen et op d'mannst esou gutt ze maache wéi bei der leschter Editioun.

E Méindeg starten d'Lëtzebuergerinne géint Zypern. Eng Victoire géif si op de richtege Wee bréngen, ier si den Dag drop géint de Favorit aus dem Grupp, Montenegro, mussen untrieden.