Hei kënnt et ë.a. zum Duell tëscht dem Novak Djokovic an dem Juan Pablo Varillas. Bei den Damme spillt ë.a. d'Ons Jabeur géint d'Bernarda Pera.

Bei den Häre spillt de Carlos Alcaraz, d'Nummer 1 am Tablo, géint de Lorenzo Musetti, wärend den Novak Djokovic et no senger 3:0-Victoire am drëtten Tour mam Peruaner Juan Pablo Varillas ze di kritt. E bëssen iwwerraschend steet den Éisträicher Sebastian Ofner och an der Aachtelsfinall a spillt do géint de Griich Stefanos Tsitsipas, deen op Plaz 5 gesat ass. Weider sti sech de Karen Khachanov an de Lorenzo Sonego géintiwwer, den Holger Rune aus Dänemark muss géint den Argentinier Francisco Cerundolo untrieden an de Casper Ruud, Nummer 4 am Tablo, kritt et mam ongesaten Nicolas Jarry ze dinn.

E weideren Duell an der véierter Ronn gëtt tëscht dem Argentinier Tomas Martin Etcheverry an dem Japaner Yoshihito Nishioka gespillt. An da kritt nach den Alex Zverev et mam Grigor Dimitrov ze dinn.

D'Iga Swiatek, d'Nummer 1 am Weltklassement, ass bis elo och ouni Problem bei de French Open all Ronn weiderkomm a spillt an der Aachtelsfinall géint d'Ukrainerin Lesia Tsurenko. Och d'Aryna Sabalenka, op Positioun 2 bei dësem Turnéier gesat, steet an der véierter Ronn an trëfft do op d'Sloane Stephens aus den USA. Mam Cory Gauff steet eng weider Top-Spillerin an der nächster Ronn an duelléiert sech mat der ongesatener Anna Karolina Schmiedlova aus der Slowakei.

Beim Duell tëscht dem Karolina Muchova an dem Elina Avanesyan treffen zwou Spillerinnen openeen, déi am Ranking net esou héich agestuuft sinn. Komplettéiert ginn d'Aachtelsfinalle mat de Partien tëscht Elina Svitolina géint Daria Kasatkina, Anastasia Pavlyuchenkova géint Elise Mertens a Sara Sorribes Tormo géint Beatriz Haddad Maia. De Géigner vum Bernarda Pera ass am leschte Match vun der Aachtelsfinall d'Ons Jabeur.