Beim Triathlon zu Hamburg koum et zu engem uergen Accident. E Motocyclist ass frontal mat engem Sportler kollidéiert.

De Chauffeur vum Moto ass nach op der Plaz gestuerwen, d'Course selwer gouf net ofgebrach.

De Fuerer vum Begleet-Moto ass no bal 2 an enger hallwer Stonn Course aus bis ewell onbekannte Grënn mat engem Participant um Parcours frontal zesummegestouss. Den Accident ass op enger Plaz geschitt, bei där d'Sportler an d'Begleetgefierer sech begéinen.
De Sportler gouf uerg blesséiert, ma schwieft awer net a Liewensgefor, esou de Stand am Moment. De Kameramann um Moto gouf liicht blesséiert a koum, genee wéi de Sportler, an d'Spidol.

D'Enquête vun der Police leeft.

Scho virun der Course gouf et kritesch Téin a puncto Sécherheet. Bedenke gouf et wéinst verschiddenen enke Passagen um Vëloscircuit.