Am Stade de Luxembourg ass am Virfeld vum Frëndschaftsmatch géint Malta, d’Pressekonferenz an den Training vun de Roude Léiwen programméiert.

No Malta stinn d’EM-Qualifikatiounsmatcher géint Liechtenstein a Bosnien um Programm, de 17. respektiv den 20 Juni.

Fir de Luc Holtz ass Malta eng ganz wëllkomme Preparatioun fir déi 3 Punkte géint Liechtenstein unzegräifen.

E Freideg géint Malta feelen allerdéngs eng Partie Spiller wéi de Lars Gerson, den Enes Mahmutovic, de Vincent Thill, de Seid Korac, de Goalkeeper Anthony Moris an de Marvin Martins, dëst aus diverse Grënn. Den Danel Sinani ass gespaart.

Blesséiert sinn de Mica Pinto, fir deen d’Saison dierft wéinst enger Knéiverletzung eriwwer sinn, wéi och de Sebastien Thill an den Eric Veiga.

Déi positiv Iwwerraschung fir e Freideg ass datt de Maxime Chanot dobäi ka sinn. Den Nationaltrainer wollt net soen, wien muer de Match wäert ufänken tëscht de Pottoen a Plaz vum Moris.

Kloer ass, datt de Gerson Rodrigues, dee bei sengem Veräi scho laang keng Spillpraxis méi huet, laang um Terrain wäert stoen.

De Nationaltrainer ass ganz zefridde mat der Astellung, haaptsächlech och vun den neien ganz jonken Elementer.
Manner zefridden ass de Luc Holtz, datt wéinst Buchungsproblemer, d’Ekipp fir eng Nuecht an en aneren Hotel wäert ënnerbruecht sinn.

De Match géint Malta ass trotz de villen Absencen eng wichteg Preparatioun en Vue vun de Qualifikatiounsmatcher.