Kuriéis Medail op de European GamesVera Hoffmann gesäit Sëlwer als Unerkennung fir aktuell Resultater

RTL Lëtzebuerg
D'European Games zu Krakau, op deenen d'Jenny Warling am Karate bis elo déi eenzeg Lëtzebuerger Medail gewonnen huet, sinn nach amgaangen.

Virun deene Spiller waren awer och schonns d’European Team Championships an der Liichtathletik a Polen. Do ass Lëtzebuerg an der 2. Divisioun ugetrueden. Nodréiglech gouf elo decidéiert, datt d’Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter d’Sëlwermedail gewonnen huet. An dës Medail gëtt elo an de Medailespigel, vun de European Games mat opgeholl. D’Vera Hoffmann freet sech natierlech iwwer Sëlwer, obwuel et dach ganz speziell ass, wéi déi gewonne gouf.

Extrait Vera Hoffmann

“Ech hu mir Gedanke gemaach, wéi ech dat Ganzt ophuele soll. Et ass awer eng speziell Situatioun, déi ganz iwwerraschend komm ass. Et ass ee komescht Konzept, datt déi 3 Divisiounen, déi iwwer 6 Deeg gaange sinn, duerno dann entscheet gëtt wie gewonnen huet. Virun allem wann d’Courssen esou ënnerschiddlech gelaf ginn. Ech mengen och, datt d’Athlete sech net bewosst waren, datt duerno esou ee Klassement gemaach gëtt.”

D’Vera Hoffmann gesäit déi nodréiglech Medail awer als eng Unerkennung fir déi éischt gutt Hallschent vun der Saison.

Back to Top
CIM LOGO