Och wann ee sech an der Finall vun der Divisioun B mat 66:93 géint Kroatien huet misse geschloe ginn, kann d’U18-Dammen-Nationalekipp op ee remarkabele Parcours zeréckkucken.
Et ass déi éischt Medail fir Lëtzebuerg bei esou engem Event, d’Ehi Etute vum T71 Diddeleng gouf zur Spillerin vum Tournoi gewielt a mam Isa Hamalainen vun der Residence Walfer gouf nach eng weider Spillerin an d’All-Star-Five gewielt.
Donieft kann ee sech och iwwert den Opstig an d’Divisioun A freeën.
