Lëtzebuerger Damme verléieren och géint Holland

© FIBA
Op der Basket-Europameeschterschaft am 3x3 zu Jerusalem an Israel hunn d'Lëtzebuerger Dammen an hirem zweete Gruppematch 8 op 18 géint Holland verluer.
An der éischter Partie haten d'Nadia Mossong a Co. schonn 10 op 21 géint Spuenien de Kierzere gezunn. Géint de Vizeeuropameeschter Holland an den Europe-Cup-Gewënner Spuenien haten d'Rout Léiwinne keen einfache Stand.
"D'Hollännerinne wéi och d'Spuererinnen hunn immens séier an aggressiv gespillt an haten ee Rhythmus, dee mir net gewinnt sinn. Dat sinn alles professionell Spillerinnen, déi gewinnt sinn, op deem Niveau ze spillen. Fir eis war dat eng ganz nei Erfarung. Mir hätten natierlech gär e bësse besser ofgeschnidden, mee alles an allem wësse mir, datt si eng Klass iwwert eis sinn. Gläichzäiteg hu mir vill Saache gesinn, déi mir kënne besser maachen an do wäerte mir an Zukunft dru schaffen."
Mat dëser Néierlag sinn d'Rout Léiwinnen als Tabelleleschten eliminéiert ginn. Fir d'FLBB-Damme Mossong, Schmit, Jablonowski a Yoerger war dëst Turnéier awer egal wéi historesch, fir bei der Endphas vun enger Europameeschterschaft dobäi ze sinn.