Datt de Luc Holtz beim Stand vun 0:8 a Richtung Katakombe verschwonnen ass, hat seng Grënn. Den Nationaltrainer huet sech erkläert.

Extrait Luc Holtz

De 0:9 an der Europameeschterschaftsqualifikatioun ass eng Katastroph, déi net schéin ze schwätzen ass, datt seet de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz no der ganz sauerer Defaite zu Faro géint Portugal. Eng Zeen an der 84. Minutt huet och international fir vill Opreegung gesuergt. Nom 0-8 huet sech de Luc Holtz vun der Trainerbänk gehuewen an ass an de Katakombe verschwonnen. De Grond ass awer u sech e ganz banale gewiescht, wéi den FLF-Nationaltrainer en Dënschdegmoien erkläert huet:

"Jo also ech wollt net fortlafen, mä de Jürgen Klopp hat mol eng Kéier gesot, mat 55 Joer muss een Owes méi oft opstoen, fir op d'Toilette ze goen, sou, mir Männer an deem Alter, ech sinn och bal an deem Alter, nach net grad, ech hunn der 54, do muss ee leider méi oft op d'Toilette goen. Also ech hat keng Toilette nieft der Bänk an dofir sinn ech schnell eragelaf an ech hunn eng Kommissioun misse maachen, a bon, wéi ech fäerdeg war, sinn ech erëm erausgaangen. Ech weess elo net ob ech besser gehat hätt an d'Box ze pissen. Ob dat da vläicht besser ukomm wär, ech denken net, mä bon, dat war de Grond firwat ech schnell bis an d'Kabinnen eng Kéier war."

No 6 Spilldeeg bleiwen d'Rout Léiwen op der drëtter Plaz an der Tabell mat 10 Punkten, 8 hannert dem Tabellenéischte Portugal an 3 hannert der Slowakei. Déi nächst Matcher vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp sinn den 13. Oktober an Island an dann 3 Deeg drop de 16. heiheem géint d'Slowakei.