Leipzig souverän, Dortmund dréint de Match

© AFP
Leipzig ass domat éischte Verfolger vum Spëtzenduo München/Leverkusen. De Leandro Barreiro huet beim 1:2 vu Mainz géint Stuttgart den Ausgläich markéiert.
An der Owespartie tëscht Bochum a Frankfurt gouf et kee Gewënner, béid Formatiounen hu sech 1:1 getrennt. An den éischten 30 Minutte war et e richteg interessante Match mat ville Chancen op béide Säiten, awer d'Goler hu gefeelt. Bis an d'Paus ass de Match e wéineg verflaacht. Nom Säitewiessel gouf et beim Gol vum Frankfurter Ebimbe Konfusioun, well laang net kloer war, ob de Gol ziele géif oder net. Schlussendlech huet de VAR säin Okay ginn. Bis zum Ausgläich vu Bochum op en Eelefmeter hin, gouf et net vill Zeene virum Gol. Bis zum Enn hate béid Formatioune keng kloer Golchancë méi, sou dass de Match gerechterweis mat engem Gläichspill ofgepaff gouf.
De Spëtzematch um Samschdeg tëscht Freiburg an Dortmund hunn déi Schwaarz-Giel an der Schlussphas nach fir sech decidéiert a gewannen um Enn 4:2. Den Hummels hat de BVB fréi a Féierung bruecht, éier Freiburg an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent de Match gedréint hat. Dortmund konnt an der 60. Minutt den Ausgläich markéieren an huet an der Schlussphas vun enger Rouder Kaart fir Freiburg profitéiert an de Match fir sech entscheet.
Leipzig hat am Heemmatch géint Augsburg keng Problemer a gewënnt kloer mat 3:0. Schonn no 30 Minutte war de Match entscheet, well d'Rout Bullen dräi fréi Goler geschoss hunn. Bis zur Paus war Leipzig wuel weider dominant an hätt nach e véierte Gol markéiere kënnen, huet seng Chancen awer leie gelooss. An der zweeter Hallschent huet Augsburg méi an de Match investéiert a sech och eng Rei gutt Chancen erausgespillt, ass awer ëmmer um Golkipp hänke bliwwen, soudass et um Enn eng verdéngt Néierlag gouf. Leipzig ass no dëser Victoire éischte Verfolger vum Spëtzenduo München/Leverkusen.
Köln stécht no der 1:3-Néierlag géint Hoffenheim déif am Tabellekeller, geneesou wéi Mainz, déi doheem 1:3 géint Stuttgart verléieren. Stuttgart ka seng staark Performance zum Saisonsoptakt confirméieren. Am Match Wolfsburg géint Union Berlin hunn d'Wëllef sech mat 2:1 duerchgesat.
Am éischte Match no der Lännerspillpaus hate sech Bayern München a Bayer Leverkusen duerch e spéiden Ausgläich 2:2 getrennt.
D'Statistike vun de Matcher
Freiburg - Dortmund 2:4
0:1 Hummels (11'), 1:1 Höler (45'+2), 2:1 Höfler (45'+6), 2:2 Malen (60'), 2:3 Hummels (88'), 2:4 Reus (90'+2)
Leipzig - Augsburg 3:0
1:0 Simons (7'), 2:0 Openda (11'), 3:0 Raum (27')
Wolfsburg - Union Berlin 2:1
1:0 Wind (12'), 1:1 Gosens (28'), 2:1 Maehle (30')
Köln - Hoffenheim 1:3
0:1 Kramaric (1'), Grillitsch (28'), 0:3 Beier (52'), 1:3 Selke (61')
Mainz - Stuttgart 1:3
0:1 Guirassy (56'), 1:1 Barreiro (70'), 1:2 Guirassy (84'), 1:3 Guirassy (90'+7)
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.