Zesummen Aktiv feiert de 15. Gebuertsdag
Um Samschdeg huet d'ZAK säi 15. Gebuertsdag gefeiert. Aus Hëllefsbereetschaft ass eng Liewensaufgab ginn, aus engem Grupp mat ville Gesiichter eng Famill.
Am September 2008 huet sech e Grupp Elteren, Trainer an Athlete mat an ouni mentalen Handicap zesumme gedoen an d'ASBL ZAK gegrënnt. Duerch vill verschidden Aktivitéiten a virun allem de Basket soll d'Integratioun an d'Inclusioun vu Mënsche mat geeschteger Behënnerung viru gedriwwe ginn.
Zesummen Aktiv huet net nëmme seng 15 Joer, mee och säin eegene Succès gefeiert. An déi Mënschen, déi sech um Samschdeg fir en internationalen Tournoi an e VIP-Match getraff hunn, sinn zanter Jore mam Häerzen an ouni Hannergedanken dobäi.
Et wieren och Leit dobäi gewiergt, déi ee laang net méi gesinn hätt, sou d'Fränz Muller-Malherbe. Eng schéin Iwwerraschung fir eng vun de Grënnerinne vun ZAK. De Projet steet ouni Ausnam op der Basis vum Benevolat a gëtt iwwer Done vu bausse finanzéiert. De Club ass bei der FLBB affiliéiert. Eng Meederchers a eng Jongenekipp spillen am Cadettes respektiv Cadetschampionnat.
Do stinn d'Athlete mat Handicap zesumme mat hire Partner um Terrain. An och déi huelen nëmme positiv Experienze mat heem. D'Adri Rios ass mat senger Schwëster virun 12 Joer bei ZAK komm an huet seng ganz Jugend och vun de schéine Momenter als Partner profitéiert. Et wier eng grouss Satisfaktioun seet och de Mike Meyer, dee mëttlerweil e Kand huet an deem seng Fra an der Meederchersekipp spillt.
D'Präsidentin Danièle Flammang an d'Francine Muller-Malherbe hunn eng staark Ekipp duerch déi leschte Jore gefouert a maachen dat och weider.
Trotzdeem gëtt och un d'Zukunft an un eng Relève geduecht. Den néie Kannertraining ass Méindes an der Hollerecher Hal a weist, datt et soll weider goen. Soss Traininge, wou ee luusse ka kommen, si Méindes um hallwer 7 am Lycée technique Michel Lucius an Donneschdes ëm déi selwecht Zäit am ISL um Geesseknäppchen. Happy Birthday ZAK.