Um Sonndeg war et d'Suite vum 1. Spilldag vum Basketchampionnat 2023/24 an der LBBL bei den Dammen a bei den Hären.

Hären

Direkt um éischte Spilldag koum et zu Esch zum Spëtzematch tëschent dem aktuelle Champion Basket Esch an dem Vizechampion Amicale Steesel. Net mat dobäi war de verletzten Amerikaner Jarvis Williams op Säite vun de Gäscht vu Steesel. Béid Ekippen hunn am Ufank vum Match schwaach getraff an d’Resultat war deementspriechend niddreg.  De Joé Biever konnt senger Ekipp mat engem “Buzzer Beater” zur Paus eng 31:28-Féierung erspillen.

Och no der Paus war et en haart ëmkämpfte Match, an deem sech keng Ekipp ofsetze konnt. Am leschte Véierel konnt sech d’Heemekipp e Virsprong vun 8 Punkten erausspillen, mee Steesel ass nach emol zeréck an de Match komm. No engem Distanzworf vum Bob Melcher waren d’Gäscht nëmmen nach 1 Punkt hanne mat 26 Sekonnen op der Auer. De Joé Biever huet seng Fräiwërf sécher verwandelt a Steesel hat nach 14 Sekonnen Zäit, de Match auszegläichen. Dat ass hinnen och gelong mat engem “Dräier” vum Scott Morton. De Basket Esch hat dunn de Ball an nach 10 Sekonnen Zäit bei Gläichstand (59:59). No engem Ballverloscht vun Esch huet de Bob Melcher e spektakuläre “Buzzer Beater”
getraff a Steesel gewënnt 62:59.

Buzzer Beater Bob Melcher

Däitlech méi Punkte sinn am Duell vun den Opsteiger Mambra Mamer an Kordall Steelers gefall. Hei haten zwar d’Gäscht aus dem Süden de bessere Start an de Match, mee d’Heemekipp vu Mamer huet de Match mat engem staarken zweete Véierel (34:15) u sech gerappt. Um Enn setzt sech Mamer mat 105:92 duerch.

Dammen

Den AB Contern huet auswäerts iwwerzeegt an dem AS Zolwer keng Chance gelooss. An all Véierel huet d’Ekipp vun der Trainerin Fabienne Fuger mindestens 20 Punkte markéiert, um Enn stoung et 91:58 fir Contern. D’Profispillerinne Karly Murphy (31) a Francesca Wurtz (29) hunn zesumme 60 Punkte markéiert fir d’Gäscht.

Och d’Amicale Steesel konnt eng souverän Victoire zum Optakt vun der Saison feieren, dat mat 82:49 zu Esch. D’Alexia Allesch huet 23 Punkten an domat déi meeschte vum Match markéiert.