Um Samschde gouf de 6. Spilldag am Basketchampionnat an der LBBL bei den Dammen an den Häre gespillt.

Hären

An der Fiels stounge sech d'Arantia Fiels an d'Ettelbrécker Etzella géintiwwer. D'Gäscht si mat groussem Elan an de Match gestart a louche no knapps 4 Minutte mat 15:2 a Féierung. D'Heemekipp vum Trainer Chris Wulff huet sech zwar nees zeréck an de Match gekämpft, ass awer net méi no wéi op 5 Punkten erukomm. Um Enn wënnt d'Etzella mat 87:79. Och eng staark Fräiworfquot (18/20) huet et der Etzella erlaabt, de Virsprong net méi aus der Hand ze ginn. Mat 31 Punkten huet den Amerikaner Jimmie Lee Taylor iwwerzeegt, den Nationalspiller Philippe Gutenkauf huet 17 Punkte bäigesteiert.

RTL

© RTL / Shari Schenten

E geckege Match hunn d'Zuschauer zu Bartreng gesinn, wou den Opsteiger Mamer op Besuch war. Säit dëser Woch spillt mam Cameron Gregory e fréiere Profispiller nees op der Sparta, dat well de Malek Green verletzungsbedéngt nach e puer Woche wäert feelen. Ofgesat hate sech déi Bartrenger am zweete Véierel, am leschte Véierel sinn d'Gäscht awer nees erukomm a louche souguer a Féierung. De Yannick Verbeelen huet mat engem spektakuläre Worf dofir gesuergt, dass de Match an d'Verlängerung gaangen ass. An de 5 Extra-Minutte hat d'Heemekipp staark ugefaangen, mee d'Gäscht hunn a leschter Sekonn mat zwee spektakulären Aktiounen de Match gedréint. Den entscheedende Worf mat der Schlusssireen huet den Amerikaner Antunio Bivins getraff, Mamer wënnt mat 115:112. Kuckt hei de Video vun der entscheedender Situatioun.

Buzzer Beater vu Mamer

Um Rand vum Match krut ee matgedeelt, dass d'Sparta no der Chrëschtpaus nees an hirer hierkëmmlecher Hal "Op Atert" spille wäert.

D'Musel Pikes setze sech iwwerraschend mat 99:93 géint d'Résidence Walfer duerch, et ass déi éischt Defaite fir Walfer dës Saison. Den Tai Bibbs konnt mat 36 Punkten iwwerzeegen, de Quentin Bouttet huet donieft 8 Dräier getraff a senger Ekipp domat zur Victoire verhollef. D'Gäscht hunn ouni hiren drëtte Profi, de Christian Rodriguez, gespillt.

D'Amicale Steesel léisst dem Opsteiger Kordall Steelers guer keng Chance a wënnt auswäerts mat 113:76.  Bei de Gäscht hu 5 Spiller mindestens 10 Punkte markéiert.

De Basket Esch setzt sech mat 62:55 zu Diddeleng duerch. An engem Match, an deem wéineg Kierf gefall sinn, war den Jordan Hicks mat 24 Punkten de beschte Scorer. Esch huet de Match am Schlussvéierel gedréint.

Als eenzeg Ekipp an der LBBL bei den Häre bleift de Gréngewald Hueschtert ouni Victoire. Doheem verléiert d'Ekipp vum Trainer Amadeo Dias mat 80:82 géint den AB Conter. Den Henry Pwono huet 31 Punkte fir d'Gäscht markéiert.

Dammen

Am Spëtzematch bei den Damme konnt sech d'Sparta Bartreng mat 88:70 géint d'Amicale Steesel behaapten. Bei de Gäscht konnt d'Profispillerin Mikayla Ferenz net matspillen, nodeem si am Coupematch an der Woch ëmgeknéckt war. D'Heemekipp huet duerch eng staark Jovana Jaksic gutt an de Match fonnt, d'Jaksic konnt 26 Punkten an der éischter Hallschecht markéieren an d'Sparta louch 53:34 a Féierung. Bartreng huet de Virsprong nom Säitewiessel geréiert a wënnt um Enn däitlech. Den Trio Jovana Jaksic (32 Punkten), Martha Burse (24 Punkten) a Bridget Yoerger (16 Punkten, 16 Rebounds) huet iwwerzeegt.

Eng kloer Victoire konnt den T71 Diddeleng géint de Basket Esch feieren. Um Enn stoung et 86:52 fir d'Lokalekipp, déi vun der Assistentin Laure Diederich trainéiert goufen, well de Jérôme Altmann krankheetsbedéngt net dobäi konnt sinn. D'Gäscht hunn am zweeten an drëtte Véierel zesummen nëmmen 8 Punkte markéiert.

De Gréngewald Hueschtert setzt sech mat 67:58 géint Conter duerch, d'Lauren Van Kleunen an d'Amanda Cahill hunn allebéid 22 Punkte fir de Gréngewald markéiert . De Champion ass domat weiderhin ongeschloen.

Eng éischte Victoire des Saison gouf et fir d'Musel Pikes, déi sech 96:63 géint Zolwer behaapten. D'Caitlyn Parker Jones konnt an dësem Match 30 Punkte markéieren, d'Gäscht vun Zolwer hunn dës Saison nach kee Match gewonnen.