Wéi geet et elo viru fir d'Rout Léiwen?

© Val Wagner
Mat zwou Victoiren d'lescht Woch huet d'Lëtzebuerger Nationalekipp eng staark EM-Qualifikatioun op der 3. Plaz a mat 17 Punkten ofgeschloss.
Domat huet ee siwe Punkte méi realiséiert, wéi bei der bis dohinner beschter EM-Qualifikatiounscampagne. Zwou Victoirë géint Liechtenstein, zwou Victoirë géint Bosnien-Herzegowina, eng Victoire an ee Remis géint Island, ee Remis an eng Néierlag géint d'Slowakei an zwou Néierlage géint Portugal: dat ass de staarke Bilan vun der Lëtzebuerger Nationalekipp, déi awer domat déi direkt Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft verpasst huet.
Nations-League-Playoffs
Ma d'Rout Léiwen hunn nach ëmmer eng Chance, sech fir d'EM ze qualifizéieren an zwar iwwer d'Nations-League-Playoffs. Am Grupp 1 an der Liga C ass Lëtzebuerg hannert der Tierkei op déi zweete Plaz komm. Well d'Tierke sech iwwer den direkte Wee fir d'EM qualifizéiert hunn, kréien d'Rout Léiwen d'Chance, amplaz vun der Tierkei tëscht dem 21. a 26. Mäerz an de Playoffs unzetrieden.
Do spillen d'Jonge vum Trainer Luc Holtz elo den 21. Mäerz d'Halleffinall géint Georgien. Sollt een do gewannen, geet et an der Finall géint Griicheland oder Kasachstan. Bleift kloer ze ënnersträichen, datt esouwuel an der Halleffinall wéi och an der Finall nëmmen een eenzege Match gespillt gëtt. Sollt et no 90 Minutten also gläich stoen, geet et mat Verlängerung weider a sollt dann nach ëmmer keng Decisioun gefall sinn, fält dës am Eelefmeterschéissen.
Den éischte Match mussen d'Rout Léiwen auswäerts a Georgien spillen. Sollt een do gewannen, ass d'Finall de 26. Mäerz a wou da gespillt gëtt, gëtt ausgeloust. Deemno wier en decisive Match am Stade de Luxembourg och eng Méiglechkeet. De Gewënner vun der Finall qualifizéiert sech fir d'EM. Vue datt den Tirage vun de Gruppe bei der EM schonns den 2. Dezember ass, wëssen déi betraffen Ekippen zum Zäitpunkt vun de Playoffs och schonns, géint wie si op der EM spille wäerten.

© Val Wagner
D'Géigner vu Lëtzebuerg am Iwwerbléck
Georgien - Plaz 76 an der Weltranglëscht

© AFP
D'Georgier sinn am Grupp A vun der EM-Qualifikatioun op déi 4. Plaz komm, dat mat 8 Punkten. Dobäi gouf et zwou Victoirë géint Zypern a jeeweils ee Remis géint Norwegen a Schottland. Donieft gouf et 4 Néierlagen, zwou géint Spuenien a jeeweils eng géint Norwegen a Schottland. Mat 4 Goler war de Khvicha Kvaratskhelia de beschte georgesche Buteur. Well de Spiller vum SSC Neapel géint Spuenien awer seng drëtt giel Kaart kritt huet, ass hie fir de Match géint Lëtzebuerg gespaart. Eppes wat de Roude Léiwe (Plaz 87 an der Weltranglëscht) sécherlech entgéintkomme wäert, och wann op Lëtzebuerger Säit mam Danel Sinani och ee wichtege Spiller fir dee Match gespaart ass.
Am Grupp 4 vun der Liga C an der Nations League gouf et fir Georgien keng eenzeg Néierlag. Géint Bulgarien, Nordmazedonien a Gibraltar huet ee 5 Victoiren an 1 Remis realiséiert an domat huet ee sech souverän d'Plaz 1 geséchert.
Griicheland - Plaz 51 an der Weltranglëscht

© AFP
D'Griichen hunn d'EM-Qualifikatioun als Tabellendrëtten am Grupp B ofgeschloss. Bis ewell (si hunn nach ee Match ze spillen) hu si véier Matcher gewonnen: jeeweils zwee géint Irland a Gibraltar. Géint Holland a Frankräich gouf et dräi Néierlagen. Um Pabeier ass Griicheland de stäerkste Géigner vun de Roude Léiwen. Wann ee sech de Kader ukuckt, huet ee mat Spiller wéi Vlachodimos (Nottingham Forest), Mavropanos (West Ham), Tsimikas (Liverpool), Bakasetas (Trabzonspor), Pavlidis (Alkmaar) a Giakoumakis (Atlanta United) deels ganz staark Leit am Kader, déi ënnert anerem an der englescher Premier League hiert Geld verdéngen.
An der Nations League si si am Grupp 2 an der Liga C op déi 1. Plaz komm mat 15 vu méiglechen 18 Punkten. Just géint Zypern gouf et eng knapp Néierlag. Géint de Kosovo an Nordirland huet ee sech kee Faux-pas geleescht.
Kasachstan - Plaz 98 an der Weltranglëscht

© AFP
D'Kasache sinn um Pabeier de wuel schlechtste Géigner, ma an der EM-Qualifikatioun hate si sech am Grupp H och bal iwwer den direkte Wee qualifizéiert. No 10 Matcher hat een 18 Punkten um Konto, dat ass duergaange fir déi 4. Plaz, ma bis zum leschte Spilldag hat een nach d'Chance, sech ze qualifizéieren. Dänemark a Slowenien hu sech allebéid mat 22 Punkte qualifizéiert, op de Plazen 3 a 4 komme Finnland a Kasachstan mat 18 Punkten, iwwerdeems Nordirland a San Marino déi lescht zwou Tabelleplazen ergattere konnten.
Am Grupp 3 vun der Liga C an der Nations League koumen d'Kasache virum Aserbaidjan, der Slowakei a Belarus op déi 1. Plaz. Dat mat véier Victoiren, enger Néierlag an engem Remis.