Lëtzebuerg klappt Lettland a spillt d'Gruppephas vun der EM-Qualifikatioun
Duerch eng 36:28-Victoire konnt d'Defaite op siwe Goler aus dem Allersmatch nees opgeholl ginn.
No der 25:32-Defaite géint Lettland am Allersmatch en Donneschdeg war d'Lëtzebuerger Handballnationalekipp e Sonndeg de Mëtteg am Kader vun der Prequalifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2026 gefuerdert, eng Reaktioun ze weisen a siwe Goler opzehuelen.
Duerch eng sensationell 36:28-Victoire am Retourmatch am Gymnase vun der Coque ass dat Lëtzebuerg gelongen a séchert sech domat eng Plaz an der Gruppephas fir d'EM-Qualifikatioun.
Béid Ekippen hunn änlech gutt an d'Partie fonnt an hu sech an den éischte fënnef Minutten op Aenhéicht begéint. E staarke Guillaume Felici an eng effektiv offensiv Aarbecht hunn d'Lëtzebuerger duerno awer ëmmer méi a Féierung bruecht, sou datt no ronn 15 Minutten eng Féierung vu sechs Punkte stoung. Déi gutt Leeschtung huet an den nächste Minutten net ofgeholl. Lettland war an allen Hisiichten ënnerleeën an huet mat engem klore Réckstand vun 13:21 missen an d'Paus goen.
An der zweeter Hallschent vum Match ass et elo drëms gaangen de Virsprong bäizehalen a Lettland net ze vill zréck an d'Partie fannen ze loossen. Anescht wéi am Allersmatch huet elo d'Mentalitéit gestëmmt. D'Lëtzebuerger Ekipp war weiderhin effektiv virum Gol an hannen ouni grouss Feeler. Um Enn ass et duergaange fir de Virsprong vun aacht Goler iwwert d'Zäit ze bréngen a sou spillt Lëtzebuerg d'Gruppephas vun der Qualifikatioun fir d'EM 2026.