Lescht Woch war d'FLA Leeferin Charline Mathias eis Invitée an der Drëtter Hallschent.

Mam Jeff Kettenmeyer huet si iwwert hir aktuell gutt Form geschwat, doriwwer wéi et déi lescht Joren war an deenen et net esou gutt gelaf ass an doriwwer wéi ee sech aus esou Phasen eraus kämpft.

Donieft ass et ëm dat grousst Zil "Olympia 2024" zu Paräis gaangen. Bis elo war d'Charline Mathias eng Kéier op den olympeschen Spiller, huet allerdéngs net déi bescht Erënnerungen u Rio 2016.

D'Mëttelstreckeleeferin erzielt och wéi wichteg et ass nieft dem Sport ausgeglach an zefridden ze sinn a wéi et op auslännesche Competitiounen ofleeft, bei deenen een dacks mat Athleten vun anere Natiounen am Zëmmer ass.

Dëse Podcast gouf den 12. Februar opgeholl, deemno virum Charline Mathias hirem Indoor Rekord iwwer 800 Meter um nationale Championnat.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 139: Charline Mathias

De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.