An eisem Podcast Drëtt Hallschent de Sport-Talk ass dës Woch de Max Mannes op Besuch.

Ee vun de beschte Lëtzebuerger Schwëmmer um Réck an am Crawl huet decidéiert mat 26 Joer seng Schwammkap als Profi un de berüümten Nol ze hänken. De Mannes, deen elo déi lescht Joren an der Schwäiz trainéiert a gelieft huet, huet ënnert anerem zwee national Rekorden um Réck.

Säi grousst Zil war et, sech fir d’Olympesch Spiller am Summer zu Paräis zu qualifizéieren. Duerch d’Norme vun der internationaler Schwammfederatioun, déi awer ëmmer méi schwiereg ginn ze realiséieren, war den Autosgeck Realist genuch fir anzegesinn, datt hien dat net géif packen.

Ronn 15 Joer huet de Max Mannes zweemol den Dag trainéiert... elo fänkt en neit Liewen un.

Wéi hien d’Beruffsliewen an de Schwammsport kombinéiert kritt, weist sech an den nächste Méint. D’Anekdote vun den Europa -an Weltmeeschterschaften, a vun de Spiller vun de klenge Länner kommen natierlech och net ze kuerz.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 140: Max Mannes

De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.