Bei der Staffel iwwer 4x6 Kilometer konnt d'Ekipp aus Norwegen sech mat nëmme fënnef Feeler beim Schéisse virun Däitschland a Schweden duerchsetzen.

Schi Alpin

Bei den Dammen huet sech d'Federica Brignone am schwedeschen Åre d'Victoire am Riseslalom geséchert. D'Italienerin konnt sech no zwee Duerchgäng mat 0.33 Sekonne Virsprong virum Sara Hector aus Schweden behaapten. Déi drëtt Plaz war mat engem Ecart vun 0.40 Sekonne fir d'Schwäizerin Lara Gut-Behrami.

Biathlon

Bei der Staffel vun den Dammen op 4x6 Kilometer gouf et am US-amerikaneschen Soldier Hollow e Succès fir Norwegen. Mat nëmme fënnef Feeler beim Schéissen hat dat norwegescht Quartett no enger Stonn, véier Minutten a 15 Sekonnen déi éischte Plaz geséchert. Mat engem Retard vu 17.20 Sekonnen a siwe Feeler ass Däitschland Zweete ginn a Schweden huet de Podium mat engem Retard vun 42 Sekonnen an zéng Feeler komplettéiert.

Schisprangen

Am Schisprangen zu Oslo konnt sech bei den Dammen d'Silje Opseth d'Victoire sécheren. Mat 109.30 Punkte stoung d'Norwegerin um Enn virum Katharina Schmid (106.00 Pkt.) aus Däitschland an der Landsfra Eirin Kvandal (105.00 Pkt).

Bei den Häre gouf et dann e Succès fir de Stefan Kraft aus Éisträich. Déi éischt Plaz war him mat 255.00 Punkten net ze huelen. Hannendrun hu sech de Kristoffer Eriksen Sundal (246.20) aus Norwegen an den Éisträicher Jan Hörl (242.50 Pkt.) klasséiert.