FLF gëtt sech e "frësche" Look an eng nei Markenidentitéit
Wéi d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun matgedeelt huet, gëtt ee sech en neie Look an eng nei optesch Identitéit.
Den neie Logo an neie Look fir d'Nationalekippe soll den Esprit vum Lëtzebuerger Futtball representéieren, schreift d'FLF an hirem Communiqué. Den neie Logo an den Design wier no engem gutt iwwerluechte Prozess entstanen. Den FLF-Logo gouf moderniséiert a soll den Engagement vun der Federatioun weisen, fir déi dynamesch Futtball-Communautéit am Grand-Duché ze promouvéieren.
Och d'Nationalekipp kritt en neie Look an en neie Logo. Am Zentrum vum Logo steet de Roude Léiw, den Emblème vu Lëtzebuerg. De Choix vum Roude Léiw ass bewosst getraff ginn, fir d'Connectioun tëscht der Ekipp an de Supporter ze stäerken a fir d'Nationalekippen z'inspiréieren, fir nei Héichten op der internationaler Futtballzeen z'erreechen.
"Mam Publizéiere vun der neier a frëscher Markenidentitéit feiere mir net just eis Succèsen aus der Vergaangenheet, mä och eis Visioune fir d'Zukunft vum Lëtzebuerger Futtball. Eis Logoe beinhalten d'Valeuren, déi eis als Organisatioun definéieren, an déngen als Opruff fir d'Fans, d'Spiller an all déi Bedeelegt, fir zesummenzekommen. Mat enger Dynastie, déi mer nei opliewe gelooss hunn, an enger Determinatioun, déi ëmmer weider klëmmt, si mir ganz ongedëlleg fir dat nächst Kapitel an eisem futtballeresche Parcours ze schreiwen", zitéiert d'FLF hire President Paul Philipp.