An der NBA ass um Samschdeg den Optakt vun de Playoffs, insgesamt si 16 Ekippe vertrueden.

Iwwer déi lescht Deeg hu sech d'Los Angeles Lakers, d'Philadelphia 76ers, d'Miami Heat an d'New Orleans Pelicans déi 4 leschte Startplazen iwwer de "play-in" geséchert. Vun elo u sinn am Osten (Eastern Conference) souwéi am Westen (Western conference) nach jeeweils 8 Ekippe vertrueden, déi an "Best-of-7"-Serië géinteneen untrieden.

E puer Ekippe kann een als Favoritten op den Titel nennen, an éischter Linn den aktuelle Champion Denver Nuggets mam Superstar Nikola Jokic. De Serb gëllt och als ee vun den Toppkandidaten, fir den "MVP"-Titel vun der Saison eng weider Kéier ze gewannen. Direkt an der éischter Ronn kritt de Champion et mat den LA Lakers an domat mam Lebron James a senger Ekipp ze dinn, eng Serie, déi mat Spannung erwaart gëtt.

Am Oste waren d'Boston Celtics déi stäerksten Ekipp an der regulärer Saison. Mat deem beschte Score vun der Liga (64 Victoiren, 18 Defaiten) zielt de 17-fache Champion zum enke Krees vun de Favoritten. Bis d'Finall ass et nach e laange Wee, hei ass den éischte Match de 6. Juni um Programm. Bis dohi sti just nach déi zwou stäerksten Ekippen um Terrain.

Western Conference (éischten Tour, Placéierung a Klammeren)
Oklahoma City Thunder (1) - New Orleans Pelicans (8)
Denver Nuggets (2) - Los Angeles Lakers (7)
Minnesota Timberwolves (3) - Phoenix Suns (6)
Los Angeles Clippers (4) - Dallas Mavericks (5)

Eastern Conference (éischten Tour, Placéierung a Klammeren)
Boston Celtics (1) - Miami Heat (8)
New York Knicks (2) - Philadelphia 76ers (7)
Milwaukee Bucks (3) - Indiana Pacers (6)
Cleveland Cavaliers (4) - Orlando Magic (5)

RTL