Duerch e Gol vum Niclas Füllkrug huet sech Borussia Dortmund doheem mat 1:0 géint de PSG behaapt a fiert sou mat engem klenge Virsprong op Paräis.

Resumé Champions League / Reportage Guy Seyler

E Mëttwoch den Owend war an der Champions League den zweeten Allersmatch vun den 1/2-Finallen. Fir de BVB gouf et virun den eegene Spectateuren eng 1:0-Victoire géint de PSG. En Dënschdeg hate sech Bayern a Real Madrid zu München mat engem 2:2-Gläichspill getrennt.

Dortmund - PSG 1:0

1:0 Füllkrug (36')

Borussia Dortmund huet gutt an de Match fonnt a vun Ufank u probéiert dat eegent Spill ze gestalten. Ëmmer nees hu si et mat offensive Virstéiss probéiert an haten doduerch och méi Undeeler un der Partie. Och déi éischt geféierlech Chance vum Match war fir d'Ekipp an de gielen Trikoten, ma de Marcel Sabitzer ass aus spatzem Wénkel net laanscht den Gianluigi Donnarumma komm. De PSG hat zwar och ëmmer rëm eng Zäit laang de Ball ënner Kontroll, wosst domat awer net wierklech eppes mat unzefänken. An der 36. Minutt huet e laange Ball vum Nico Schlotterbeck dann den Niclas Füllkrug vir fonnt, deen ouni laang ze zécken a mat vill Kraaft op 1:0 gestallt huet. Dortmund hat sech déi Féierung selwer erschafft a konnt sou sécher net onverdéngt mat 1:0 och an d'Paus goen.

Den 1:0 fir Dortmund duerch den Niclas Füllkrug
An der 36. Minutt huet den däitsche Stiermer Dortmund a Féierung bruecht

Am zweeten Duerchgang war de PSG da besser an och méi geféierlech. Pech haten d'Gäscht dann awer an der 50. Minutt, wéi bannent der selwechter Aktioun als éischt de Kylian Mbappé an am Noschoss den Achraf Hakimi de Potto getraff huet. Ouni Paus ass et elo a Richtung Dortmunder Gol gaangen, ma déi lescht Präzisioun huet ëmmer nees gefeelt fir op 1:1 ze stellen. Gutt 10 Minutten huet déi Paräisser Drockphas ugehalen, éier de BVB nees d'Rudder gréisstendeels u sech gerappt huet an sou och no um zweete Gol dru war. An der Schlussphas war de Gaascht weider gewollt den Ausgläich ze schéissen, huet sech géint eng immens gutt defensiv Aarbecht vun den Haushären awer d'Zänn ausgebass. Um Enn bréngt Dortmund d'Féierung iwwert d'Zäit a geet sou mat engem klenge Virdeel an de Retourmatch den nächsten Dënschdeg zu Paräis.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.