Éischten U8-Camp e grousse Succès
Der FLBB läit d'Jugend besonnesch um Häerzen.
Dofir goufen an de leschte Joren ëmmer erëm Ustrengunge gemaach, fir op de Feierdeeg an an de Schoulvakanz Campe fir déi Jonk ze organiséieren.
Den 1. Mee war et fir déi éischt Kéier un deene ganz klengen. De Mini-Basketball U8-Camp. 50 Kanner am Alter tëscht 5 a 7 hat sech d'FLBB erwaart. Um Enn hunn déi Responsabel d'Inscriptioun bei 90 Butze missen zoumaachen.
Vun 8 bis 14 Auer mëttes hunn am Sand Basketbäll geknuppt. An dat mat voller Begeeschterung. Moies hunn déi kleng Basketballspiller op zwou Hale verdeelt Ateliere gemaach. Ganz adaptéiert un hir Besoinen a gutt encadréiert vun den Trainere vun der Federatiounen a verschiddene Spiller aus dem Championnat. An och ouni Playstation, Tëlee an Tablet waren déi kleng Sportler zefridden. Een zwee dräi Piano, e Spill wat ni al gëtt. Mee et sinn ebe ganz dacks déi einfachsten Übungen, déi de Kanner am meeschte bréngen. No der Mëttespaus goufen nach e puer 3x3-Matcher gemaach. Well nieft all den Übunge sinn och déi ganz kleng scho motivéiert, fir ze gewannen. Fir déi meescht sinn d'Pläng scho gemaach. D'Coupe gewannen a Champion ginn.
1-2-3 Lëtzebuerg hunn d'Kanner um Enn zesumme gebrëllt. De perfekten Ofschloss vun engem sportlechen Dag.