An eisem Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk" ass dës Kéier d'Gwyneth ten Raa op Besuch.

"De Lëtzebuerger Fändel op den Olympesche Wanterspiller zu Peking gedroen ze hunn, ass eng vu menge beschten Erfarungen a mengem Liewen."

Mëttlerweil huet déi bescht Lëtzebuerger Schifuererin 19 Joer. 2022 war si mat 16 Joer schonn op den Olympesche Wanterspiller zu Peking am Slalom an am Riseslalom dobäi. D'ten Raa, déi en hollännesche Papp an eng Lëtzebuerger Mamm huet, lieft komplett fir de Schisport. Si ass och elo an der Grondausbildung an der Arméi, fir do an d'Elite-Sportsektioun ze kommen. Dat grousst Zil vun deem groussen Talent ass et, eng Kéier e Weltcup ze gewannen a bei Olympesche Spiller op de Podium ze kommen.

De ganze Podcast kënnt Dir wéi gewinnt op RTL Play lauschteren.

Drëtt Hallschent Episod 152 mam Gwyneth ten Raa