Granada a Spuenien
Steve Nothum packt et op déi 6. Plaz bei de Weltmeeschterschaften am Para Trap

© Luxembourg Paralympic Committee
De Para-Sportler am Sportschéissen huet op der WM am spuenesche Granada mat 104 Treffer an der Qualifikatioun ee perséinleche Rekord opgestallt.
De Lëtzebuerger Steve Nothum huet et an der Qualifikatioun op déi 3. Plaz gepackt, ier hien am Total déi 6. Plaz erreeche konnt. Zu der Finall a senger drëtter WM sot den Nothum: "Et gouf allgemeng ganz staark geschoss, dowéinst sinn ech zefridde mat mengem Resultat an natierlech och mat menger perséinlecher Beschtleeschtung."
Am meeschte gelies