Frankräich gewënnt onspektakuläre Match souverän mat 3:0
E Mëttwochowend gouf am Kader vun de Preparatiounsmatcher fir d'Europameeschterschaft e Frëndschaftsmatch tëscht Lëtzebuerg a Frankräich gespillt.
An engem éischter onspektakuläre Match ass et de Fransouse gelongen, hir Flichtaufgab ze erfëllen. No enger duerchschnëttlecher Prestatioun kënne sech d'Fransousen am Noperschaftsduell mat 3:0 géint d'Rout Léiwen duerchsetzen an domadder mat enger Victoire an d'Virbereedungsphas vun der Europameeschterschaft starten.
Frankräich - Lëtzebuerg 3:0
1:0 Kolo Muani (43'), 2:0 Clauss (70'), 3:0 Mbappé (85')
D'Spectateure kruten an der Ufanksphas den erwaarte Match ze gesinn: D'Fransousen haten de Ball an hu probéiert e Lach an der Lëtzebuerger Defense ze sichen. Dëst ass hinnen awer nëmme seele gelongen. An der 12. Minutt ass et dunn awer fir déi éischte Kéier geféierlech ginn am Match. Dëst, nodeems et no engem Lëtzebuerger Ballverloscht ganz séier gaangen ass an de Griezmann doropshi mat sengem Schoss de Potto getraff huet. Vun de Lëtzebuerger war an der Offensiv relativ wéineg ze gesinn, si hu sech op d'Verdeedege fokusséiert a konnten esou nëmme seelen Akzenter am Stuerm setzen. An der 20. Minutt hunn d'Léiwen et awer och eng Kéier probéiert. Et war de Rodrigues, dee sech en Häerz gefaasst huet an aus der Distanz ofgeschloss huet. Säi Schoss gouf awer vun engem Fransous ofgefälscht, soudatt de Ball an de Corner deviéiert gouf. An der 26. Minutt konnten d'Lëtzebuerger dem Moris Merci soen, datt et net gerabbelt huet. No enger schéiner Kombinatioun vun de Fransouse stoung den Mbappé op eemol vëlleg fräi virum Lëtzebuerger Golkipp, deen dem Fransous säi Schoss awer mat engem sensationelle Reflex paréiere konnt. Duerno ass de Match ofgeflaacht a béid Formatioune konnte keng Golchancë méi kreéieren. Allerdéngs sollt et net mat engem 0:0 op den Téi goen. De Fransouse sollt nämlech an der 43. Minutt e Gol geléngen. No enger Flank vum Mbappé, dee virdrun de Carlson al ausgesi gelooss huet, stoung de Kolo Muani am Réckraum fräi an hat keng Problemer, fir mam Kapp den 1:0 ze markéieren. Un dësem Score sollt sech näischt méi änneren, soudatt et mat engem 1:0-Avantage fir eis Noperen an d'Kabinne gaangen ass.
Nom Téi kruten d'Spectateuren zu Metz e relativ onspektakuläre Match ze gesinn. Béid Formatiounen hu sech schwéier gedoen, fir no vir ze spillen an haten esou nëmme wéineg Golchancen opweises. Frankräich huet zwar weiderhin de Match kontrolléiert, huet awer am Stuerm deen néidege Bëss vermësse gelooss. D'Lëtzebuerger hu sech iwwerdeems komplett an der eegener Hallschent verstoppt. E bëssen aus dem Näischt, eebe well de Match ofgeflaacht war, sollt dunn den zweete Gol fir d'Fransouse falen. No engem Corner hat de Clauss, deen zu Marseille ënner Kontrakt steet, vill Zäit a Plaz an huet aus gutt 25 Meter einfach emol ofgezunn, nodeems hie vu kengem Lëtzebuerger entscheedend gestéiert gouf. Beim Clauss sengem schéine Schoss, konnt de Moris am Gol vun de Léiwen dem Ball just nach nokucken, soudatt hien, fir d'zweete Kéier op dësem Owend, hannert sech huet musse gräifen. Nom 2:0 huet bei de Lëtzebuerger d'Kraaft nogelooss, soudatt d'Fransouse méi dacks an de Lëtzebuerger Strofraum andrénge konnten, mä geféierlech Schëss op de Gol kruten eis Noperen awer nëmme seelen hin. Op Lëtzebuerger Säit sollt an der Schlussphas dunn awer och bal nach e Gol aus dem Näischt falen. Mä beim gudde Kappball vum Mahmutovic an der 82. Minutt hat d'Lat eppes dogéint, déi fir de Maignan am Gol vun de Fransouse gerett huet. An der 85. Minutt sollt de Fransousen awer nach den 3:0 geléngen, dëst no engem Opbaufeeler vum Jans. Um Enn war et den Mbappé, deen e séiere franséische Virstouss verwäerte konnt. Am weidere Verlaf sollt kee Gol méi falen, soudatt no 90 Minutten eng souverän 3:0-Victoire vun de Fransousen an engem onspektakuläre Match um Bou steet.