Recours vu Jeunesse an Hesper vu CLAS zeréckgewisen
FC UNA Stroossen wäert u Qualifikatioun fir UEFA Conference League deelhuelen

© AFP
D'Escher Jeunesse an de Swift vun Hesper ware virun de CLAS gaangen, fir géint d'Decisioun vun der FLF ze goen, béide Veräiner keng UEFA Lizenz ze ginn.
De CLAS, d‘Commission Luxembourgeoise d‘Arbitrage pour le Sport, huet de Recours vun de Clibb zeréckgewisen, wouduerch den FC UNA Stroossen offiziell un der 1. Qualifikatiounsronn fir d'europäesch Conference League deelhuele wäert. Dat huet d'FLF an engem Communiqué matgedeelt.
Am meeschte gelies