E Freideg gëtt et mam Natiounenturnéier besonnesch spannend
Dësen an nächste Weekend sinn am Kader vun der Réiser Päerdsdeeg eng sëllege Competitiounen am Sprangreiden.
Dëse Weekend muss ee besonnesch d’Natiounenturnéier ervirhiewen, wou Nationalequippen um Herrchesfeld zu Krautem ëm eng Qualifikatioun op europäeschem Niveau reiden.
Véier Deeg Sprangreiden op ganz héijem Niveau, dat erwaart d’Spectateuren dëse Weekend zu Krautem. Sprangreide mam Niveau 3 * Stären, dat ass schonn eng grouss Erausfuerderung fir Päerd a Reider. Päerd musse kënne bis zu 1,50 Meter héich Obstakelen iwwersprangen. Ma dat eleng geet net duer. Et muss een och am Rhythmus bleiwen, den Ofstand tëschent den Obstakele richteg aschätzen, net ze séier reiden awer och net ze lues, well ee soss d’Zäitlimitt iwwerschreit. An natierlech dat iewescht Gebot: et dierf keng Staang eroffalen, well dat gëtt Feelerpunkten.
Am Kader vun all deene Kompetitioune leeft e Freideg och de Grousse Natiounepräis. Hei heescht et fir Lëtzebuerg, sech fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren. De ganzen Dag iwwer sinn aner Epreuvë vu moies 8 Auer un, an dat gëllt och fir Samschdes a Sonndes.
Eng Ekipp besteet beim Natiounepräis aus véier Reider, déi dee selwechte Parcours musse reiden an natierlech sou mann wéi méiglech Feelerpunkte sammelen. D’Geschwëster Victor, Basile a Charlotte Bettendorf sinn an der Ekipp mat der Lëtzebuerger Championne Odile Gierech.