Krankheet net auskuréiert
De Charel Grethen geet net bei der Liichtathletik-EM un den Depart

© AFP
E Freideg ass zu Roum den Optakt vun der Europameeschterschaft an der Liichtathletik.
De Charel Grethen sollt hei iwwer 1.500 Meter un den Depart goen. De Mëttelstreckespezialist huet awer elo annoncéiert, datt hien net ka starten. Hien ass wärend engem Openthalt a Marokko krank ginn an huet sech nach net komplett erholl.
Bis elo ass hien nach net fir d‘Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert.
Charel Grethen net bei der Liichtathletik-EM / Rich Simon
Am meeschte gelies